City Breakfast: Taxen op eidel Wunnengen
RTL - 20.06.2012, 09:01 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.06.2012, 08:16 | 30 Commentaire(n)
City Breakfast: An der Stad Lëtzebuerg sollen déi Leit, déi hir Wunnengen oder Terrainen eidel stoe loossen, an Zukunft och eng Taxe doropper bezuelen.

|
Et ass jo bekannt, dass et an der Stad vill eidel Wunnenge gëtt. Mä wéi vill dovunner gehéieren iwwerhaapt der Stad Lëtzebuerg? D'Lynn Gaspar huet bei der zoustänneger Schäffin Viviane Loschetter nogefrot. Ronn 550 Wunnengen sinn et, an deenen den Ament kee lieft, esou d'Viviane Loschetter.
Déi stinn awer ganz bestëmmt net eidel, well d'Stater Gemeng se net wëll verlounen, mä aus zwou ganz konkreten Ursaachen. Déi éischt an heefegst ass eng Remise en Etat.
Zweet Ursaach ass wa Pläng fir een Neibau virleien, an dass Leit musse relogéiert ginn.
D'Wunnengen, déi der Stad Lëtzebuerg gehéieren, kënnen an dräi Kategorien agedeelt ginn, déi awer ëmmer ënnert den Terme Sozialwunnechten falen. Déi fir leit, déi finanziell schlecht do stinn an zu engem ganz reduzéierte Präis kënne an der Stad lounen, dann déi fir Senioren, an d'Gemengewunnegen en tant que tel, also déi d'Salarié'en vun der Gemeng, déi am Kader vun hirer Missioun mussen no bei hirer Aarbechtsplaz wunnen.Bis ewell hunn sech eng 20 Taxien gemellt, fir beim Projet „Ecotaxi“ mat ze maachen, deen de Stater Buergermeeschter Xavier Bettel wëll duerchsetzen. De Xavier Bettel gëtt d'nächst Woch eng Circulaire un alleguerten d'Taxischaufferen eraus, fir eraus ze fannen, wee beim deem Projet matmaache wëll a wien net.
|
Dann ass e Mëttwochmoien um City Breakfast och vum Projet Royal Hamilius geschwat ginn. Do sollen d'Aarbechten Uganks 2013 ufänken; et geet also da mam Ofrappe lass. De Problem vum Haus Nummer 49 besteet awer nach ëmmer. Et gi Leit, déi sech géint de Projet stellen, an deemno kann de Stater Schäfferot nach net soen, wéi et dann nom Ofrappen weider geet. Et muss een op d'Uerteel vum Geriicht waarden, esou de Xavier Bettel. De Parking Hamilius bleift déi ganzen Zäit vum Chantier Royal Hamilius iwwer accessibel.
Wéint deene ville Schantercher, déi an den nächste Méint an a ronderëm d'Stad ulafen, ginn eng ganz Partie 'Infopoints' uechter d'Stad installéiert. An et ginn och sougenannte Mediateurs de chantier agestallt, déi de Leit zur Verfügung stinn.Eng weider Neiegkeet: E Mëttwochmoie gëtt eng nei Rubrik, genannt 'Site des Associations' online gesat. De But ass et, alleguerten déi sportlech, kulturell Aktivitéite vun den Associatiounen op eng Plattform ze setzen, fir d'Leit nach besser iwwert dat associatiivt Liewen z'informéieren!
City Breakfast: Taxen op eidel Wunnengen (20.06.2012)An och soss stinn eng Reih un schwieregen Chantieren an d'Haus. |


Äre Commentaire