AHA: Nationalfeierdag Jo! Awer ouni Relioun am Mëttelpunkt

RTL - 20.06.2012, 12:48 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.06.2012, 06:20 | 50 Commentaire(n)

AHA fuerdert dat déi offiziell Zeremonie vum Nationalfeierdag sech onbedéngt an engem anere wéi deem gewinnte reliéise Kader ofspille soll.

Nationalfeierdag geet och ouni den Te Deum am Mëttelpunkt, där Meenung ass jiddefalls d'Allianz vun den Atheisten, Humanisten an Agnostiker.

Si fuerderen deemno, datt méi schaarf tëscht Kierch a Staat getrennt gëtt: De Bëschof kéint roueg op den Te Deum invitéieren, ma de Staat soll sech net méi Zentral an der Kathedral presentéieren.

An deem Sënn huet AHA dem Grand-Duc an all den Deputéiert, Ministeren a Buergermeeschteren e Bréif geschéckt, an deem se D'Politiker opfuerderen aus Protest net un den Te Deum deel ze huelen. Et wier nämlech kee normale Kader an deem all Lëtzebuerger Bierger sech géing erëmfannen.

Un Alternativen gëtt dann och den Ament gesicht. Éischt Iddien wier en offizielle Staatsakt an engem neutrale Kader (wéi den groussen Theater oder och nach d'Philharmonie) mat Präsenz vun de Vertrieder aus der Politik an der Ziviler Gesellschaft.

Hier Fuerderung, déi zentral Platz vum Te Deum ofzeschafen, ënnermauert d’ AHA mat engem statisteschen Element: an enger representativer Ëmfro hätten 53% vun de befrote Leit gesot, si giffen keng Relioun praktizéieren.

D’ AHA fuerdert de Nationalfeierdag als Dag vum Zesummenhalt am Land ze feieren.


AHA freet weltlech Alternativ zum Te Deum (20.06.2012)
Nationalfeierdag wier en Dag fir all d'Leit hei am Land a net just fir Katholiken.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!