Regierung: Apess an SEW kënne keng Streikprozedur aleeden
RTL - 20.06.2012, 17:46 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.06.2012, 14:40 | 16 Commentaire(n)
Regierungsrot: D'Enseignements-Gewerkschaften Apess an SEW-OGBL kënnen den Ament nach keng Streikprozedur aleeden. Dat däerf nëmmen d'CGFP.

Am Communiqué nom Regierungsrot erënnert d’ Regierung drun, datt déi zwou sectoriell Enseignements-Gewerkschaften Apess an SEW-OGBL am Sträit iwwer de Bewäertungssystem an der Fonction publique den Ament nach keng Streikprozedur aleeden kënnen. Dat däerf nëmmen déi national representativ Gewerkschaft, also d’CGFP. D'Staatsbeamtegewerkschaft berifft sech op d'Gesetz iwwert d'Streikprozedur beim Staat vun 1979.
D’ Regierung seet, se wier bereet, de 26. Juni an der Conciliatioun mat de Gewerkschafte weider ze diskutéieren. Sollten déi Gespréicher kee positiivt Resultat hunn, da wieren d’Gewerkschaften habilitéiert d’ Streikprozedur unzefänken. D’Regierung bedauert, datt Apess an SEW bis ewell all Dialog refuséiert hätten.

Äre Commentaire