Juncker: Schéin Evenementer wéi dem Guillaume seng Hochzäit
RTL - 22.06.2012, 18:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.12.2012, 15:47 | 36 Commentaire(n)
Usproch vum Premier: Hien huet dem Ierfgroussherzog fir seng Hochzäit mat der Comtesse Stéphanie de Lannoy all Gléck vun der Welt fir d'Zukunft gewënscht.

A senger traditioneller Usprooch um Virowend vu Nationalfeierdag huet de Premier Jean-Claude Juncker schéin Evenementer ernimmt, ewéi dem Ierfgroussherzog Guillaume seng Hochzäit mat der Comtesse Stéphanie de Lannoy. Hien huet der Koppel „all Gléck vun der Welt“ fir d'Zukunft gewënscht, a sech op ee schéint Fest, och fir d'Lëtzebuerger Land, gefreet.
An ebe grad déi zukünfteg Generatiounen waren och ee Sujet am Staatsminister senger Ried. De Jean-Claude Juncker (1) »
Um europäesche Plang war Griichenland am Premier sengem Discours natierlech och een Thema. Do hätt sech d'Situatioun no de Wahlen zu Athen zwar entspaant.
|
Heiheem misste mer ons awer weider ëm d'Gesondheet vun onse Staatsfinanzen këmmeren, esou de Jean-Claude Juncker nach weider.
Nationalfeierdag: Ried vum Premier (22.06.2012)Ried vum Jean-Claude Juncker um Virowend vun Nationalfeierdag. |
Äre Commentaire