Gemeng Kielen: Haus fir Flüchtlinge kaaft

RTL - 22.06.2012, 10:41 | Fir d'lescht aktualiséiert: 26.06.2012, 07:18 | 1 Commentaire(n)

Fir dem Ministère fir Famill an Integratioun op der Sich no Hebergementsméiglechkeete fir Flüchtlingen ze hëllefen, ass och d'Gemeng Kielen aktiv ginn.

Auteur: Jeannot Haas

Si huet fir 540.000 Euro een Haus an der Direndallerstrooss zu Keespelt kaaft. Hei kéinten ab dem September 12 bis 14 Demandeurs d'asyle ënnerdaach kommen.

 AUDIO: De Compte rendu vum Gemengerot. »


Am Gemengerot vu Kielen stoung den 2. Vote vun engem Lotissementsprojet an der rue Brameschhaff am Mëttelpunkt vun den Diskussiounen. Interessant och d'Informatioun, datt - wéi gesot - d'Gemeng een Haus fir den Hebergement vu Flüchtlingen kaaft huet.

Och d'Gemeng Kielen weist sech solidaresch an der Flüchtingsproblematik. Fir 540.000 Euro huet d'Gemeng nämlech een Haus an der Direndallerstrooss zu Keispelt kaaft. Hei sollen an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Famill an Integratioun vum September un 12 bis 14 Demandeurs d'asyle ee provisoreschen Oennerdach fannen.

Viru kurzem haat de Schefferot ee Rendez-vous mam Minister Claude Wiseler fir iwer de Contournement ze schwätzen. Momentan laafen nach verschidden Etüden. Am Freijohr vum nächste Joer keint de Projet fir de Bau vun der geplangtener Emgehungsstrooss Kielen / Ollem öffentlech presenteiert gin ier d'Regierung dann iwert de Projet decideiert. Wi de Buergermeeschter Aloyse Paulus (LSAP) preciseiert huet, weilt de Minister vun engem Contournement vu Keispelt a Meispelt fir de Moment awer neischt wessen. De Schefferot huet awer versprach an desem Dossier um Ball ze bleiwen.

Vum 1. Januar 2013 un sollen d'Pompjéscorps'en vu Kielen-Ollem, Keispelt-Meispelt a vun Nouspelt zu engem eenzeche Corps fusionneieren an önnert dem Numm « Service d'Incendie et de Sauvetage de la Commune de Kehlen » fonctionneieren. De Kielener Gemengerot huet deser Fusioun prinzipiell zou'gestömmt. D'Gemeng plangt och schon um Bau vun enger neier Pompjéskasär.

An der rue Brameschhaff zu Kielen ass ee Lotissement fir 11 Eefamilienheiser an enger Residenz mat 6 Appartementer geplangt. Nom provisoresche Vote haten am kader vun enger Oennerschröftenaktioun eng Partie Awunner geint de Projet reklameiert. Verschiddenen Asprech gou'f Rechnung gedro, anerer gou'fen als net fundeiert zreckgewisen. Am 2. Vote kruut de PAP Dieldréisch mat de Stemmen vun der LSAP an der CSV majoritär an definitif greng Luut. DP an di Greng hun dergeint gestömmt. Als önner aller Klarinette bezeechent gou'f allgemeng den Toun deen an der Petitioun ugeschloe gett. Hei geif dem Schefferot an dem Gemengerot di neidech Neutraliteit ofgeschwaat gin, an den Aen vum Kielener Buergermeeschter eng grave Accusatioun vun där sech verschidden Awunner entretemps awer schon distanzeiert hätten.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!