Boykott wéinst Plazgerangel: Magistratur net am Te Deum

RTL - 22.06.2012, 19:45 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.06.2012, 19:28 | 88 Commentaire(n)

E Samschdeg de Moie wäert den drëtte Pouvoir net um Te Deum deelhuelen. Ursaach vun dësem Boykott ass "Plazegerangel" an der Kathedral ...

Dat üblecht Emplacement, dat fir d'Magistratur vir riets am Säitescheff reservéiert war, ass dës Kéier fir d'Richter vum Europäesche Geriichtshaff geduecht, d'Vertrieder vun der Magistratur sollten iwwerdeems an déi lénks Galerie ënnert der "Fürstenloge" deplacéiert ginn, wou se weder Vue op di groussherzoglech Famill, nach op den Altor hunn.

Domadder ware weder de Procureur Général, nach d'Presidentë vun den zwou Coursen d'accord, an dat hu si och däitlech gemaach an zwar an engem Bréif un de Staatsministère. Si schwätzen dora vun "enger mise au placard" an engem "flagranten Manktem u Respekt vis-à-vis vum drëtte Pouvoir":

Nous trouvons que ce changement non dicuté auparavant et qui correspond à une véritable mise au placard se caractérise par un flagrant manque de respect envers l'un des principaux organes constitutionnels du pays.


Boykott vum Te Deum.... (22.06.2012)
D'Magistratur wäert dëst Joer net um Te Deum deelhuelen, dat well si net mat hirem neien Emplacement d'accord sinn!



Et schéngt och, wéi wann de Protokoll hinnen eng Alternativ ugebueden hätt, déi an den Ae vun der Magistratur awer net zefriddestellend war, sou datt de Procureur Général zesumme mat de Presidentë vun den zwou Coursen decidéiert huet, datt den drëtt Pouvoir dëst Joer net géif um Te Deum deelhuelen - dat gouf et nach ni!



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!