Nationalfeierdag: Party, TeDeum, Boykott, Parad, gutt Wieder

RTL - 23.06.2012, 06:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 25.06.2012, 09:38 | 62 Commentaire(n)

Ënner bloem Himmel huet Lëtzebuerg um Samschdeg säin Nationalfeierdag gefeiert. No deem méi ausgeloossene Virowend war den 23. Juni selwer méi offiziell.

Um Samschdeg de Moie wor an der Kathedral den traditionellen Te Deum, a Präsenz vun der groussherzoglecher Koppel, dem Ierfgroussherzog Guillaume, de Prënze Felix a Louis an de Prinzessinnen Alexandra an Tessy.

 Te Deum - Musik »



Net dobäi wor déi zukünfteg Fra vum Ierfgroussherzog Guillaume, d'Comtesse Stephanie de Lannoy. Si ass den Ament nach keen offizielle Member vun der groussherzoglecher Famill a gëtt eréischt um Virowend vun hirer Hochzäit mam Ierfgroussherzog den 19. Oktober 2012 als Prinzessin an den Adel opgeholl. Bis dohin hëlt si och net un offiziellen Optrëtter vun der groussherzoglecher Famill deel.

Den Te Deum gouf dëst d'Joer fir d'éischte Kéier vum neien Äerzbëschof Mgr Jean-Claude Hollerech zelebréiert.

Den Abbé Claude Bache huet an der Fürbitte fir d'Land an d'groussherzoglech Famill gebiet.

 Den Abbé Claude Bache »



Nom Te Deum goufen um Fetschenhaff 101 Kanouneschëss lassgelooss.

Dono war et den Defilé an der Neier Avenue, un deem jo net nëmmen d'Forces de l'ordre ma och d'Zivilgesellschaft deelhëlt.

D'Lëtzebuerger Justiz wor dëst d'Joer iwwregens net beim Te Deum dobäi. De Procureur Général d'Etat grad wéi 2 Geriichtspresidenten haten ee Boykott-Appel lancéiert. D'Justiz sollt nämlech dëst Joer eng aner Plaz an der Kathedral kréien, ouni Vue op d'groussherzoglech Famill oder den Altor. Den drëtte Pouvoir am Land gesäit dat als Affront an als - Zitat - "Mise au Placard". Si huet protestéiert, andeems se guer net komm ass. Op där Plaz, wou soss fir d'Magistratur vir riets am Säiteschëff reservéiert war, souzen déi Kéier d'Riichter vum Europäesche Geriichtshaff.

An engem offizielle Communiqué vun de Membere vun den Ordres judiciaires an administratif heescht et, dass dëse Changement vun de Plazen net am Virfeld mat der Magistratur ofgeschwat gouf. Dëst wier ee Manktem u Respekt géintiwwer engem vun de wichtegste konstitutionellen Organer hei am Land. Wéi et nach am Communiqué heescht, hätt een trotz all Unerkennung géintiwwer dem Grand-Duc an senger Famill Decisioun geholl dëst d'Joer net um Te Deum ze partizipéieren.

© Milena Momcheva


Police zefridden

Op ville Plaze gouf ewell e Freideg den Owend an an der Nuecht op e Samschdeg Groussherzogsgebuertsdag gefeiert. Gréisstendeels ass et awer roueg bliwwen. D'Police wor massiv präsent an zitt ee positive Bilan.

Zeréck ze behalen ass just, dass virun allem an der Uewerstad eng Rëtsch Porte-Monnien an Handye geklaut goufen. Et koum och zu e puer Kläppereien, wou d'Police awer ëmmer séier intervenéiert huet an dat Schlëmmst konnt verhënneren. Op verschiddene Plazen am Land hate Leit sech beschwéiert wéinst dem Kaméidi.

© Milena Momcheva


Um Virowend

Ni ass an der Stad esou vill lass wéi um Virowend vun Nationalfeierdag, an dat war dëst Joer natierlech net anescht. Ob um Knuedler, der Plëss, am Gronn oder op enger vun deene villen anere Plazen uechter d'Stad hunn nees zéngdausende Leit gefeiert.

Ma net nëmmen an der Stad gouf gefeiert. Zu Esch z. B. war et um Virowend den traditionelle Rendez-Vous vum Ierfgroussherzog Guillaume a senger Schwëster, der Prinzessin Alexandra.



RTL Spezial (23.06.2012)
RTL Spezial ass déi Emissioun, an däer wichteg Evenementer couvréiert ginn.




Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!