elearning.lu: Internet-Site gëtt Kontakt mat Lëtzebuergesch
RTL - 20.05.2009, 17:53 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.05.2009, 20:07
Ronn 12.500 Leit hunn an de leschten 4 Joer iwwert den Internet-Site "www.elearning.lu" Kontakt mat der Lëtzebuerger Sprooch krut.

Di eng fir eis Sproch ze léieren, well se bei eis schaffen oder an d'Vakanz kommen, déi aner fir ze wurwelzen.
elearning.lu ass eng Lëtzebuerger Initiativ, si ass gratis an si ass zesummen mat den dräi aneren "QuattroPole"-Stied Tréier, Saarbrécken a Metz grad ewéi mat der Uni Lëtzebuerg an dem Éducatiounsministère realiséiert ginn.
Fir de Vizerektor vun der Uni Lëtzebuerg, de Franck Leprévost, ass elearning.lu ee gutt Beispill fir Zesummenaarbecht vun Universitéit a Stad Lëtzebuerg.
elearning.lu riicht sech wéi gesot u Leit, deenen hir Mammesprooch d'Franséisch ass, sief dat am méi oder manner noen Grenzgebidd oder hei am Land. Och hei am Land, sou de Pol Helminger, ginn et Leit, déi laang hei liewen, eis Sproch awer net schwätzen.
Um Beispill vun Alldagssituatiounen soll ee praxisbezunnent Basiswëssen vun der Lëtzebuerger Sproch vermëttelt ginn, sou d'Jeanne Meskens, déi fir de Contenu responsabel ass.
"elearning" alleng geet awer net duer, sou d'Jeanne Meskens, et muss een och erausgoen, op d'Leit duergoen a schwätzen, Lëtzebuergesch, versteet sech.

