Stengefort-Wandhaff: Mat Promille an 3 klenge Kanner

RTL - 24.06.2012, 17:20 | Fir d'lescht aktualiséiert: 24.06.2012, 17:51

Op Nationalfeierdag huet d'Police tëscht Stengefort an dem Wandhaff ee Chauffer gestoppt, dee Slalom gefuer ass ... mat 3 klenge Kanner um Récksëtz.

Wéinst sengem Fuerstil war den Auto géint 18.20 Auer eng Patrull opgefall. Den Alkoholtest war positiv, de Chauffer gouf protokolléiert a krut säi Permis ofgeholl.

An der Nuecht op e Sonndeg kruten 2 weider Persounen hire Permis ofgeholl, soss war d'Nuecht nom Nationalfeierdag aus Police-Siicht awer éischter roueg.