3 Accidenter mat 3 Blesséierten zanter e Sonndegowend

RTL - 25.06.2012, 06:38 | Fir d'lescht aktualiséiert: 25.06.2012, 06:40

Am Lokalen gouf et zanter e Sonndegowend dräi Accidenter. Géint eng Auer gouf eng Persoun ageklemmt, wéi se tëscht Mamer a Kielen an e Bam gerannt ass.

Zu Rodange waren e Sonndegowend schonn a Richtung Grenz en Auto an e Moto anenee gerannt. Eng Persoun gouf dobäi liicht verwonnt.

E Liichtblesséierten gouf et och kuerz virdrun tëscht Jonglënster a Guedber. Do war en Auto an eng Mauer gerannt.