CNAP: Negativen Avis iwwer Reform vun de Pensiounen

RTL - 25.06.2012, 12:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 26.06.2012, 06:43 | 11 Commentaire(n)

CNAP: Et ass net déck, wat do mat der Reform vun de Pensioune geplangt ass. Esou kann een den Avis vun deraisse nationale d'assurance pension resuméieren.

Dësen Avis huet 50 Säiten, ma ass séier wéineg bekannt: den ADR-Deputéierte Jacques-Yves Henckes bedauert zum Beispill, datt dësen Avis net an den Dossier komm ass fir d'Deputéierten, déi jo an den nächste Méint iwwer déi geplangte Reform ze schwätze kréien. De Grond dofir wier wahrscheinlech, well dem Minister dësen Avis ganz einfach ze schlecht ausgefall ass.

Dobäi gëtt et eigentlech net esou vill Neits an dësem Avis ze liesen. Villäicht huet et domatter ze dinn, datt den Text d'Ënnerschrëft dréit vum Robert Kieffer, gudde Mathematiker a laangjärege President vun de Krankekeesen.

D'Reform wier en éischte Schrëtt an déi richteg Direktioun, awer och net méi. D'Pensiounsrechter ginn am Laf vun de Joer ëm 15 Prozent erof, an den Ausgabe vun der Kees huet dat a 40 Joer allerdéngs just eng Auswierkung vu manner ewéi 10 Prozent.

Mat der Reform soll fir de Rescht, an op d'mannst an enger éischter Phase, guer net esou vill änneren: et kann een ëmmer nach an Fréipensioun goen, d'Zäit vun de Stagë bleift quasi onverännert, sou datt den Alter, wou d'Leit hir Rent wëllen huelen, net bedeitend dierft zeréck goen.

D'Majoratioun gëtt zwar vun engem op 2,5 Prozent d'Joer eropgesat fir op déi Manéier d'Leit derzou ze bréngen, méi laang am aktive Liewen dran ze bleiwen; de Robert Kieffer schreift am Rapport, datt dorausser kaum eppes gëtt, well am Grand-Duché den Taux de Remplacement esou héich ass.

Den Impakt vun dëser Reform wäert also zimlech schwaach ausfalen, heescht et weider; un en Equiliber vun de Finanzen ass net ze denken. Den Avis vun der CNAP kënnt zu der Konklusioun, datt d'Politik virun 3 Méiglechkeete steet: entweder d'Cotisatiounen eropsetzen, wat natierlech net esou gutt wier fir d'Kompetitivitéit vum Land, oder awer d'Pensiounsrechter erofsetzen, esou gutt fir déi, déi elo an der Pensioun sinn ewéi och fir déi spéider Rentner.

Déi drëtt Méiglechkeet wier e Mix aus dësen zwou éischte Méiglechkeeten.

Net oninteressant ass eng aner Remarque vun der CNAP.

Mat der Reform gëtt et enorm komplex, fir seng Pensioun auszerechnen; e manuelle Calcul ass net dran. Stellt sech d'Fro: wéi kommunikéieren ech dat dem Assuré, dee sech wëll Gedanke maachen, ob et sech fir hie rentéiert oder net, fir méi laang ze schaffen. An esou eng Fro ass wichteg, am Fonctionnement vun engem demokratesche Staat. Hei kéint sech eng Desorganisatioun vun der zoustänneger Verwaltung ukënnegen. De Versécherte ma och de Beamte bräicht eng einfach Formel: et geet net duer, d'Pensioun um Computer ausrechnen ze loossen, ma si muss och nach de Leit kënnen explizéiert ginn, an esou schreift de Robert Kieffer um Enn: a mon avis, le présent projet de loi ne répond pas à cette exigence.


Pensiounsreform: Avis vum Robert Kieffer (25.06.2012)
De Präsident vun den Pensiounskeesen huet een Avis geschriwwen deen et an sech huet...d'Reform geet net weit genuch si gräift ze spéit an ass ongerecht!





Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!