TVA e-commerce: clc fir Origin-Prinzip mat Redistributioun
RTL - 26.06.2012, 11:59 | Fir d'lescht aktualiséiert: 26.06.2012, 12:21 | 8 Commentaire(n)
Neien TVA-System op elektronesche Servicer vun 2015 un: D'clc ass fir de Principe d'origine vum Service awer mat enger Redistributioun.

De Gary Kneip huet um Dënschdeg de Moien am RTL-Interview erkläert, dass de Staat iwwert dee Wee an de Joren 2014 an 2015 all Kéiers eng 600 bis 650 Milliounen € u Steieren erakritt. Den clc-President schwätzt awer vun engem komplexe System, deen an 3 Joer soll agefouert ginn.
Haut wär d’Liewe vun engem Operateur einfach: E bräicht just d’TVA ze facturéieren aus deem Land, wou en ass, also z.B. de Moment déi lëtzebuergesch fir Microsoft.
2015 dogéint, sou de Gary Kneip, misst ech genau wëssen, wou mäi Consommateur sëtzt, an do ginn et verschidde Méiglechkeeten. Ech ka z.B. mäi Consommateur froe wou en ass. Wann et e Schwed ass, misst en, wann en éierlech ass, da 25% bezuelen. Also seet en e wier ze Lëtzebuerg, da brauch en nëmme 15% ze bezuelen. De Consommateur gëtt also esou an d'Inegalitéit gedréckt.
An dat, fir TVA-Prozenter ze spueren, bedauert de President vun der Handelsconfederatioun, fir deen d’EU-Kommissioun 2015 e Rapport dozou soll presentéieren. D’clc huet elo d’Iddi, e Géigerapport auszeschaffen mat den Interesséierten, mat de Leit déi um Terrain sinn, fir d'Lat héich ze setzen déi da fir 2015 muss erreecht ginn,
De Gary Kneip huet d’Hoffnung, dass Bréissel dann zu enger besserer Asiicht kënnt, well et kéint net sinn, dass de Commerce électronique sou ausgebremst gëtt.
Well et net realistesch wär, alles ze loossen, wéi et haut ass - vu dass d’Länner ronderëm eis, sou de clc-President, jalous sinn op eis Recetten -, an illusoresch, en Taux unique an Europa anzeféieren, leet d’Handelsconfederatioun dës Propos op den Dësch: Kommt mir loossen de Principe d'origine vum Service, dat heescht d'TVA kann do opgehuewe ginn wou de Service hierkënnt an net wou en higeet awer mat enger Redistributioun.
Deemno misst dat Land, dat d’TVA ophieft, de Gros vun de Recetten un déi Länner weiderginn, wou d’Consommateure sëtzen; deen aneren Deel kéint et halen. Iwwert dee Wee kéint d’Zil, fir den Operateuren d’Liewen einfach ze halen, erreecht ginn. Virun deem Hannergrond hofft de Gary Kneip op Diskussioune mat der Regierung.

Äre Commentaire