De Chantier op der Sauerdallbréck ass fort
RTL - 01.12.2008, 11:40 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.12.2008, 11:47
Zanter dem Weekend ass de Chantier op der Sauerdallbréck zu Mesenech fort. Den Trafic vun Tréier iwwer d'Autobunn Directioun Lëtzebuerg leeft also normal.

D'Aarbechten ginn elo an d'Wanterpaus, well bei fiichtem a kalem Wieder net kann geschweesst an ugestrach ginn.
Am Fréijoer gëtt d'Bréck dann an Directioun Tréier gefléckt.

