Aldringen: Votum Klima mécht op Klimawiessel opmierksam
RTL - 26.05.2009, 15:09 | Fir d'lescht aktualiséiert: 26.05.2009, 20:38 | 2 Commentaire(n)
An der Stad beim Centre Aldringen steet e risegt Schëff aus Holz. „Votum Klima" huet dës Arche Noah opgeriicht fir op de Klimawiessel opmierksam ze man.

D'Initiative "Votum Klima" besteet aus 30 ONGen.
Mat deem Schëff wëlle si drunn erënneren dass d'Klima-Erwärmung an dësem Joerhonnert riskéiert Ännerunge mat sech ze bréngen un déi d'Mënschheet sech net kann adaptéieren.
"Votum Klima" mécht en Appel un déi nächst Regierung fir eng konsequent a kohärent Klimapolitik. Déi aktuell Versprieche géinge laang net duer goen.

En halleft Joer virum UNO Klima-Sommet zu Kopenhagen stiechen d’Ëmweltgespréicher tëscht den Industrie- a Schwellelänner an enger Sackgaass.
Op der Klimakonfererenz zu Paräis, wou dee Sommet virbereet gëtt, hunn déi 16 gréisst Industrie- a Schwellelänner keng gemeinsam Linn fonnt.
Weder an der Fro, wéi d’CO2 Emissioune solle reduzéiert ginn, nach an der Fro, wéi den Transfer vu gréngen Technologien vun de räichen an déi méi aarme Länner soll finanzéiert ginn.
Um UNO-Klimasommet am Dezember soll e globale Klima-Accord decidéiert ginn fir de Kyoto-Protokoll z’ersetzen.

Äre Commentaire