Wickreng/Léiweng: Dokument aus dem Joer 2009 opgedaucht
RTL - 27.06.2012, 15:39 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.12.2012, 15:47 | 43 Commentaire(n)
Wickreng/Léiweng: Den Inneminister huet 2009 dem Transportminister geschriwwen, datt deen P&Ch un de Pläng fir Wickreng a Léiweng associéiere soll.

Mee wahrscheinlech huet hien net selwer geschriwwen. Ënne riets op deem Bréif steet nämlech eng E-Mail-Adresse, déi vum Romain Diederich, dem héije Beamten am Aménagement-du-territoire-Ministère vum Jean-Marie Halsdorf. Deeselwechten Romain Diederich, deen am Impressum vum Masterplang Léiweng matgenannt gëtt an deen och, z.Bsp. um Projet Hunchereng an der éischter Rei matgeschafft huet, en anere grousse Projet vum Flavio Becca, géngt deen d'Leit sech gewiert hunn.
An der Saach, iwwer déi de Bréif geet, léiert een, datt d'Regierung net nëmme wëlles hat, mee sech mat de Promoteuren zolitt accordéiert hat, Wickreng a Léiveng weiderzedreiwen an hir Servicer sollten d'une manière pro-active un de Planungsaarbéchte participéieren. Net nëmmen d' Regierung an d' Promoteure ginn als Partner genannt, mee och d'Gemengen Réiser a Reckeng; dee Punkt ass nei.
Et ass no dësem Bréif iwwregens séier geschafft ginn: e klengt Joer duerno ginn am Impressum vum séier färdege Masterplang Léiweng vum 1. Juni 2010 ënner dem Stëchwuert Behörden d' Ponts et Chaussées genannt an och den neie Nohaltegkeets-Ministère vum Claude Wiseler, wou den Aménagement du territoire - mam Romain Diederich - hin gereckelt gi war.Wiseler: Footballstadioun zu Léiweng net vu nationaler Bedeitung
Déi gréng Deputéiert Josée Lorsché a Camille Gira wollte vum Claude Wiseler wëssen, ob de Projet Wickreng/Léiweng weider vun nationaler Bedeitung ass. Den Infrastrukturminister präziséiert, dass am Kontext vun der Landesplanung national Bedeitung eppes mat der Gréisst, der Envergure an den eenzegaartege Charakter vun engem Projet ze dinn huet.
An dësem spezielle Fall wier dat de Shoppingzenter, net also de Footballstadion.
Bréiwer vun DP an déi Gréng
Déi Gréng an déi Liberal fuerdere vun der Regierung, datt déi ganz Dokumentatioun iwwer déi ëmstridden Projeten Léiweng a Wickreng un d’Chamber weidergeleet gëtt.
Dat schreiwen déi zwou Oppositiounsparteien an 3 Bréiwer un de Chamber-President Laurent Mosar, déi si och der Press geschéckt hunn.
Livange-Gate sinn déi Bréiwer iwwerschriwwen.
Déi Gréng an déi Blo wëllen also Bréiwer, E-mailen, Protokoller an detailléiert Lëschten iwwer Reunioune gesinn.
Eugène Berger
Erstaunt a rosen – dat ass dem DP-Deputéierten a Réiser Conseiller Eugène Berger seng Ractioun op de Bréif aus dem Juni 2009 vum Inneminister Jean-Marie Halsdorf u sein Kolleg Wiseler, e Bréif deen elo bekannt gin ass. Doranner hat den Inneminister jo gefuerdert, d' Ponts&Chaussées sollten pro-actives un de Pläng fir den ëmstriddene Projet Léiveng participéieren.
An domat net genuch. An deem Bréif steet och, 3 Ministeren an zwee Promoteuren Aan d' Gemenge Réiser a Reckeng wieren d' accord, dee Projet virunzedreiwen. Genee dee leschte Punkt mécht den Eugène Berger politesch queesch. Ee Referendum bräicht ee jo dann och net méi ze man, wann ee schon d' accord wier, Stadion a Centre commercial ze bauen. An der Gemeng gëtt et elo vill ze diskutéieren.

Äre Commentaire