Jonglënster/Blummendall: Automobilistin schwéier blesséiert
RTL - 28.06.2012, 10:35 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.06.2012, 11:36
Autosaccident tëscht Jonglënster an dem Blummendall: Eng Automobilistin, déi aus bis elo ongekläerter Ursaach an e Bam gerannt ass, gouf uerg verletzt.

Si koum mat ganz schwéiere Blessuren mat der Ambulanz vu Jonglënster an d'Spidol gefouert.
Op der Plaz waren d'Pompjeeë an d'Rettungsdéngschter vu Jonglënster, de Stater Samu an Dokter, souwéi d'Police vu Maacher.


