Lycée Ermesinde: D'Elteren mellen sech zu Wuert
RTL - 01.07.2012, 15:51 | Fir d'lescht aktualiséiert: 02.07.2012, 07:25 | 166 Commentaire(n)
D'Diskussiounen rondrëm d'Mobbing Reprochen géint eng Proff am Lycée Ermesinde ginn an déi nächst Ronn: D'Eltere vun de Schüler mëllen sech zu Wuert.

Sécher géifen et alt Divergenzen a Konflikter am Lycée ginn, ma dëst misst ënnert Erwuessenen Leit am Respekt een géintiwwer deem Aneren geregelt ginn, esou de Elterencomité an engem Schreiwes un d'Press.
D'Campagne vun Uschwäerzen an erofmaachen deet dem Elterencomité vum Lycée Ermesinde déck, wou ee sech freet, wéi ee Beispill, datt fir d'Schüler soll ginn.
Souwuel den Direkter vum "Lycée Ermesinde" zu Miersch wéi och d'Mady Delvaux haten d'Reproche vun der Proffegewerkschaft APESS vehement ofgeleent.
Dass an där betraffener Schoul Proff gemobbt, terroriséiert an ënner Drock gesat géife ginn, géif net stëmmen.
Déi betraffen Enseignante huet an tëscht och eng Demande gemaach, fir an een anert Gebai versat ze ginn.
Et géif dann och net stëmmen, dass eng héich Unzuel vu Proffen eng Demande gemaach hätt, fir fort ze goen. Dëst Joer wieren dat just 4 vun am ganze 70 Proffen, sou nach den Direkter vum Lycée, Jeannot Medinger, RTL géigeniwwer.
Support kritt d'Direktioun iwwregens vun de Schüler, grad wéi och vun enger ganzer Rëtsch vun Enseignanten, déi zu Dosenden eng Reaktiooun signéiert hunn, wouranner et heescht, datt et révoltant wir, datt d'APESS eng ganz Schoul-Communautéit mir näicht dier näicht esou duerch den Dreck zéien.
D'Proffegewerkschaft war jo um Freideg an engem Communiqué mat ganz schwéiere Virwërf géint d'Direktioun vum Lycée Ermesinde komm, dee sech jo mëttlerweil zu Miersch néiergelooss huet.
D'APESS schwätzt ënnert anerem vun Ermëttlungen, déi géint d'Wësse vun de Proffe gemaach ginn, vun enger Kommunikatioun tëscht dem Personal an tëscht de Schüler, déi vun uewen ënnerbonne gëtt an Drock op d'Léierpersonal an op Schüler, déi de Lycée wiessele wollten. Ëmmer méi brevetéiert Proffe géifen dowéinst froe fir d'Gebai ze verloossen.
Wéinst dëser ongesonder Situatioun huet d'Proffegewerkschaft gefuerdert gehat, datt den Educatiounsministère eng Enquête géint d'Direktioun mécht, eng Direktioun déi d'Kontroll verluer hätt.
Doriwwer eraus huet d'APESS och kritiséiert datt eng ganz Partie Premièren hir Course vu Chargéeën ouni Erfahrung gehal géinge kréien, Chargéeën déi och d'Exame géife verbesseren.
"De Neie Lycée": Virwërf vu Mobbing vun der APESS (29.06.2012)
D'Direktioun vum neie Lycée géif Enseignanten mobben an ënner Drock setzen, sou d'Proffegewerkschaft APESS. Direktioun an Ministesch gesinn dat awer anescht.

Äre Commentaire