Novelia huet fir 8 Mio € ze vill Rechnungen ausgestallt

RTL - 29.06.2012, 12:13 | Fir d'lescht aktualiséiert: 04.07.2012, 10:49

De Gesondheetsminister confirméiert datt d'Fleegeheem Am Schmëttbësch Novelia zu Schëffleng Rechnungen am Wäert vun 8 Mio Euro ze vill ausgestallt huet.

Iergend wann ass de Mënsch an engem Alter ukomm, wou hien entweder an en Altersheem geet oder sech doheem fleege léisst.

D'Fleegeversécherung kënnt fir vill Onkäschten op, déi dobäi erfalen. Allerdéngs gëllt och hei: Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser.

Am Feierkrop vun dëser Woch gëtt aus engem Bréif vun der Gesondheetskeess zitéiert: d'Fleegeheem Am Schmëttbësch Novelia zu Schëffleng hätt Rechnungen ze vill ausgestallt, am Wäert vun ëmmerhin 8 Milliounen Euro.

Et hätt sech dobäi ëm Déngschtleeschtunge gehandelt, déi d'Heem net konnt gemaach hunn, aus dem ganz einfache Grond, well dofir net genuch Personal zur Verfügung steet.

Um Telefon mam Guy Kaiser huet de Gesondheetsminister dësen Tëschefall um Freideg de Moie confirméiert.

 AUDIO: Explikatioune vum Minister Mars di Bartolomeo. »