Bartreng: Spektakulären Accident op der Helfënterbréck
RTL - 29.06.2012, 16:38 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.06.2012, 11:41
Um Freidegmëtten koum et zu engem spektakulären Accident zu Bartreng op der Helfënterbréck. 3 Autoen an e Bus sinn dra verwéckelt.

E Bus war hei an eng Kolonne vu 4 Gefierer gerannt déi virun der rouder Luucht stoungen.
Ee vun de Autoen gouf dann zesumme geklemmt an huet sech doropshin iwwerschloen.
Am Bus gouf eng Persoun liicht blesséiert. 2 weider Persounen koumen fir eng Kontroll an d'Clinique.
D'Opraumaarbechten op der Plaz hunn um Freideg bis zirka 18 Auer gedauert.
