Reform vun der Fonction Publique: Feu Vert vum Ministerrot

RTL - 29.06.2012, 17:54 | Fir d'lescht aktualiséiert: 29.06.2012, 19:47 | 22 Commentaire(n)

D'fundamental Reformen ronderëm de Statut, grad wéi d'Gehälter an der Fonction Publique kruten um Freideg de Feu Vert am Ministerrot.

© SIP

Domat ginn eng hallef Dose Gesetzesprojeten an nach eng Hellewull méi Reglementer an der Chamber deponéiert, sou datt bis zum Enn vum Joer nach kéint iwwert déi Texter ofgestëmmt ginn.

Eréischt 2014 sollen d'Reformen dann ëmgesat ginn, duerfir waren 3 Accorde mat der CGFP néideg, dee leschten nach Enn Abrëll.

Fir den zoustännege Minister François Biltgen mussen och beim Staat minimal Qualitéits-Standarden an Méiglechkeete vu Carrière spillen.

Och wann d'Gespréicher zum Beispill nach mat den Enseignantë weiderginn, seet de Minister vun der Fonction Publique, datt d'Reformen, déi haut op den Instanzewee koumen, fundamental sinn.

 AUDIO: De François Biltgen am RTL Interview. »

D'Reform ass dem Minister Biltgen no, sécher ëmstridden, an awer misst alles gemeet ginn, bis datt d'Texter vun 2014 respektiv 2015 u solle spillen.

Mëtt 2014 gëtt jo eng Prime vun 0,9% vun der Basis-Pai vun de Staatsbeamte bezuelt, parallel spillt vun 2015 un de Bewäertungssystem an d'Reform vum Stage.

Maximal 3 mol soll jo vum Akraafttriede vun der Reform un, de Fonctionnaire kennen op seng berufflech Kompetenze bewärt ginn.




Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!