18 Führerschäiner wéinst Alkohol vun der Police agezunn

RTL - 30.06.2012, 11:44 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.06.2012, 12:25

An der Nuecht vun e Freideg op e Samschden huet d'Police op der A6 Alkohol Kontrollen duerchgefouert. Dobäi goufen ganzer 18 Führerschäiner agezunn.

Am Ganzen sinn 1015 Automobilisten op Alkohol getest ginn, 47 waren positiv.

D'Police huet op der Plaz 18 Führerschäiner konfiskéiert an 34 Strofziedelen ausgedeelt.

6 anerer kruten de Führerschäin wéinst ze héijer Vitesse ewech geholl. Domat sinn et am ganzen 24 Automobilisten déi lo kee Führerschäin méi an der Täsch hunn.