Donneschdeg, 02. September 2010

National News

Euthanasie: Grand-Duc Henri wëll d'Gesetz net ënnerschreiwen

RTL - 02.12.2008, 09:24 - Fir d'lescht aktualiséiert: 13.12.2008, 13:29

Euthanasie: RTL-Informatiounen no huet de Grand-Duc Henri wëlles, d'Gesetz net z'ënnerschreiwen. Deen Ament kéint dat Gesetz net a Kraaft trieden.

Et ass eng absolut Première zu Lëtzebuerg an ee Coup d’éclat a Saachen Euthanasie-Gesetz: RTL-Informatiounen no huet de Grand-Duc Henri wëlles, d’Gesetz iwwer déi aktiv Stierfhëllef net z’ënnerschreiwen.

An deem Fall kéint dat scho vill diskutéiert Gesetz net a Kraaft trieden, och wann d’Chamber et déi nächst Woch am zweete Vote stëmmt.

D'Politiker-Käpp dämpen ...

Den Dënschdegmoien hunn d'Käpp an de Fraktioune gedämpt. D'Deputéiert waren zesumme komm ... an et stoung net manner am Raum wéi eng Ännerung vun der Verfaassung a vläicht eng Entmuechtung vum Grand-Duc. Den Historique ass deen hei: De Méindeg sinn d'Fraktiounscheffe vun alle Parteie vum Hofmarschall bei de Grand-Duc geruff ginn.

Deen huet hinnen, jidferengem eenzel, gesot, hien géing d'Gesetz iwwer d'Euthanasie net ënnerschreiwen. De Grand-Duc huet no Propose gefrot, déi et him erméiglechen, dat Gesetz net ze ënnerschreiwen, dat heescht, et muss een iwwer eng Ännerung vun der Konstitutioun nodenken: An Zukunft, esou héiert een, solle Gesetzer a Kraaft trieden, wann
d'Chamber se an 2. Lecture gestëmmt huet - a net, wann de Grand-Duc se bannent engem Delai vun 3 Méint ënnerschriwwen huet. Dat heescht, de Grand-Duc wier op eng reng representativ Fonktioun reduzéiert; wann hien e Gesetz ënnerschreift, da nach just als eng Zort Notaire.

A just dowéinst soen eenzel politesch Responsabel a se kléngen och deemno, wa se et soen: D'Situatioun wier eescht, duerfir eben hunn d'Käpp an de Fraktioune gedämpt: Well et muss iwwerluecht ginn, op een de Grand-Duc iwwerried oder eben net, seng Pouvoirën ze behalen.

Den Enjeu ass also am Fong deen: Ass de Grand-Duc amgaang sech z'entmuechten? Léisst een dat zou? Kritt een dann eng institutionell Kris oder net? A wat wëll en am Fong?

Wat seet d'Constitutioun?

Laut Lëtzebuerger Constitutioun muss de Grand-Duc all Gesetz kontersignéieren, fir datt et a Kraaft triede kann. Am "Chapitre III. - De la Puissance souveraine" vun der Verfaassung heescht et nämlech am Artikel 34:

"Le Grand-Duc sanctionne et promulgue les lois. Il fait connaître sa résolution dans les trois mois du vote de la Chambre."

Dësen Artikel gëtt dem Grand-Duc immens vill Pouvoir – op där anerer Sait forcéiert hien de Groussherzog awer och an ee ganz enken Corcelet.

Marc Thewes: Historesche Moment

D’Recht, Gesetzer ze ënnerschreiwen, huet den Auteur Pierre Majerus a sengem bekannte Buch „L’Etat luxembourgeois“ als een Droit de Veto absolu duergestallt. Den Affekot an Enseignant op der Uni Lëtzebuerg, de Marc Thewes, widdersprëcht där Behaptung nët. Zu Lëtzebuerg gëtt an dëse Stonnen Geschicht geschriwwen, esou de Marc Thewes. Mat sengem Refus, d’Gesetz ze stëmmen, geet de Grand-Duc Henri nei Weeër.

An dee Précédent riskéiert elo gréisser Réperkussiounen ze kréien. Notamment well déi demokratesch Idee am Laf vun 140 Joer ëmmer méi zum Droen komm ass. 1868 war et gewollt, dass de Monarch nach méi ze soen hat. Dat ass haut net méi de Fall. Riets ass elo ënnert aanerem vun enger Verfassungsännerung fir aus der Sakgaass ze kommen. Mee dat geet net vun haut op muer.

De Marc Thewes huet donieft och nach gesot, dass et an dëser Situatioun nach immens vill Ongewëssheete gëtt. Et kéint zu enger constitutioneller an institutioneller Crise kommen – et kéint een awer och mat Besonnenheet a klorem Kapp eng Léisung fannen.



Är Commentairen

Gidd w.e.g. Ären Numm an Är E-Mail-Adress un. Merci! D'E-Mail-Adress froe mir, fir Iech eng Confirmatioun ze schécken, wann Äre Commentaire online ass.
Duerch d'Fortschécke vun Ärem Commentaire acceptéiert Dir eis
Conditions d'utilisations fir d'Moderatioun vun eise Commentairen a Lieserbréiwer.

MODERÉIERT W.E.G. ÄREN TOUN: KENG FRECHHEETEN.
KENG ONGEPRÉIFTE "FAKTEN". KENG FALSCH IDENTITÉITEN. MERCI!
Numm:
E-Mail:
Text:

D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
2. Sep 18:19  BNP Real Estate: Taux de Vacance bei Bürosgebaier héich
2. Sep 16:16  Lokales: Auto a Gruef tëscht Garnech a Wandhaff, Mann voll
2. Sep 16:03  Vermësst zënter 25. August: Belo Simoes Abreu Luis Cesario
2. Sep 15:10  Tunnel Houwald: Aarbechte lafe wéi geplangt, sou P&Ch
2. Sep 12:19  SES-Astra: 3D-Tëlee mat manner techneschem Opwand
2. Sep 11:42  Integration durch Austausch: IdA Programm och zu Lëtzebuerg
2. Sep 11:29  Lokales: Déidlechen Accident en Donneschdeg op A1
2. Sep 11:25  Lokales: Automobilistin mat 151 amplaz 70 km/h ënnerwee
2. Sep 10:20  Iechternach/Manertchen: Auto mat Päerd zesummegestouss
2. Sep 08:01  Staatsbudget: Optakt vun de Beichtstullgespréicher
1. Sep 18:00  Lokales: Fra erstach bei Familljesträit zu Esch e Mëttwoch
2. Sep 07:58  Lokales: 3 Blesséierter bei Accident zu Bierchem/Béiweng
2. Sep 07:42  Lokales: D'Stater Pompjeeë waren direkt 3 mol am Asaz
1. Sep 16:28  Bilan Karschnatz: 20% Abousse am Verglach mat 2009
2. Sep 07:30  Wäiswampesch: Drénkwaasser gespaart den 2. September
31. Aug 18:54  Streck Briddel-Stroossen: Wéint Chantier 3 Deeg zou vum 2/9
1. Sep 17:54  Lokales: 4 Liicht Blesséierter bei Accident op A13
2. Sep 07:30  DGB: Däitsch Kritik u Lëtzebuerger Kannergeld-Mesure
1. Sep 13:46  Lokales: Zu Esch huet eng Spillplaz gebrannt
1. Sep 13:42  ADR: Neien Agrarzenter Jo, mä net egalwou an egalwéi!
1. Sep 13:42  Aarbechtsaccident zu Klierf: Fangerkëppchen ofgetrennt
1. Sep 13:41  D'Inflatioun ass am August op 2,2% zréckgaang
1. Sep 13:40  Lokales: Zu Iechternach ass an eng Gäertnerei agebrach ginn
1. Sep 13:16  De Robert Biever ass elo offiziel Procureur Général
1. Sep 12:00  Meteo: Den August war en extrem naasse Mount
1. Sep 12:00  Reform bei der Douane: Gewerkschaft nëmmen zum Deel averstan
1. Sep 13:20  driving.lu an habiter.lu elo och um Site vun RTL
1. Sep 11:13  Zeienopruff: Porsche geklaut zu Péiteng e Mëttwochmoien
1. Sep 09:06  D'ASTI warnt viru falsche Sue-Sammler déi ënnerwee sinn
1. Sep 08:20  Nei eenheetlech grenziwwerschreidend Tariffer op Buslinnen
31. Aug 22:58  Findel: Accident vun engem Privatfliger um Dënschdegowend
31. Aug 17:52  Accident tëscht Eiter a Bus: Schwanger Fra blesséiert
31. Aug 16:07  Ausweisung vu serbescher Famill offiziell confirméiert
31. Aug 15:00  Aarbechte vun der Sotel illegal, sou Greenpeace
31. Aug 13:21  Gratis Nohëllefscoursen vum CPOS fänken den 1. September un
31. Aug 12:58  Lokales: 2 Blesséierter bei 2 Accidenter um Dënschdegmoien
31. Aug 12:14  Iceland Express: Keng Vole méi vu Lëtzebuerg op New York
31. Aug 11:30  Virun 68 Joer: D'Lëtzebuerger soten de Nazien "Nee"
31. Aug 07:20  Bréissel: De Jean-Claude Juncker war beim Herman Van Rompuy
31. Aug 01:12  Lokales: Schwéieren Accident um Blvd. JFK um Kierchbierg
30. Aug 07:27  Stater Geschäftsverband: Gutt Braderie, net super wéi 2009
10. Aug 17:05  Pakistan brauch Hëllef: Spendenopriff zu Lëtzebuerg

Ëmfro »

Hutt Dir är Batterien iwwer d'Summervakanz konnten oplueden, fir d'Rentrée elo mat Energie kënnen z'attackéieren?
Op alle Fall!
Nee, ech brauch nach méi Vakanz!
Ech hat guer keng Vakanz...
Ech hu keng Meenung dozou.

Dëse Sondage entsprécht net de wëssenschaftleche Standarden. E representéiert just d'Meenung vun deene Leit, déi hei op RTL.LU geäntwert hunn.

RTL Shopping
BabyCenter
Babycenter