Reform an der Grondschoul: éischte Bilan gëtt gezunn

RTL - 02.07.2012, 15:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 02.07.2012, 15:56 | 37 Commentaire(n)

Den Educatiounsministère mécht 3 Joer nom Ufank vun de Reformen am „Fondamental“ de Bilan iwwert d'pädagogesch Changementer.

© AFP

En éischten Deel vun deem Bilan concernéiert d'Ëmsetze vun de Reform mat do och der Analyse vun de Performancë vun de Schüler.

Deen Deel vum Rapport gëtt vum Siggy Koenig redigéiert.

En 2. Volet, deen d'Uni-Lëtzebuerg analyséiert concernéiert d'Perceptioun vun de Changementer, woubäi eng 5.000 Enseignanten, en Echantillon vun Elteren an engen 3500 Schüler gefrot ginn, hier Meenung via Questionnaire mat ze deelen.

D'Resultater vun deem 1. Bilan iwwert d'Reformen an der Grondschoul sollen dann am Dezember fäerdeg sinn.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!