Fräiwëllege Fëmmverbuet: Just 2 Bistroen hunn ugefrot
RTL - 03.07.2012, 11:33 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.07.2012, 18:25
Fräiwëlleg dampfräi: Et hu bis elo just 2 Bistroen am Land eng Ufro gemaach, fir de Label vum Gesondheetsministère ze kréien.

Den 31. Mee, also virun eppes méi wéi engem Mount, hat de Gesondheetsminister am Kader vum Weltdag ouni Tubak nach eng Kéier een Opruff un d'Bistroe gemeet fräiwëlleg dampfräi ze ginn an de Mars di Bartolomeo huet deene Caféen dann och ee Label versprach fir no bausse kloer ze weisen, dass bei hinnen net gefëmmt gëtt.
Hie wier optimistesch, dass den Telefon an den nächsten Deeg méi wéi eemol géif am Ministère rabbele fir de Label un ze froen.
Méi wéi eemol sollt den Telefon rabbelen, dat stëmmt, et war awer ganz just méi wéi eemol.MdB: Ech hunn 2 Ufroen kritt, weess awer dass en 3ten dat fräiwëlleg schonn decidéiert huet. Bei wäit iwwer 1'000 Etablissementer, déi a Fro kommen, ass dat mässeg.
De Minister sot et wäit iwwer 1'000 Caféen, et sinn der eng 1'300 an da just 2 bis 3 Demanden.
Dat konfirméiert dem Mars di Bartolomeo jo nees, dass et iwwert de fräiwëllege Wee net geet an dass och dëse Label elo emol déi ganz grouss Ausnahm bleift.
MdB: Do ass dann natierlech och driwwer diskutéiert ginn op dann elo de Label erfonnt gi wär fir e verstäerktent Anti-Tubaksgesetz ze ersetzen... Dat ass net richteg! Ech bleiwen der Iwwerzeegung, dass et gutt ass, wann souvill wéi méiglech Bistroen, Discothéiken asw dat aus fräie Stécker maachen, mä dass dat awer net duer geet, fir kloer Verhältnisser ze schafen. Dat Gesetz gëtt gebraucht, an dat Gesetz wäert och kommen!
D'CSV bleift bei hirer Positioun sot eis de Michel Wolter virun eppes méi wéi enger Woch. Déi Positioun heescht net, esou den CSV President, dass Alles soll beim Ale bleiwen. De Moment fir een allgemengt Fëmmverbuet an de Bistroe wier awer nach net komm. D'CSV setzt op Kohabitatioun tëscht Fëmmerten an Net-Fëmmerten.
Michel Wolter: Mir sinn och fest dovunner iwwerzeegt, dass et Modellen gëtt, déi engem et giffen erlaben, fir dass dat kann geschéien, wat mer gären hätten, nämlech dass Net-Fëmmerten kënnen an d'Bistroe goen, ouni dass se gestéiert ginn, an ouni dass se ëm hir Gesondheet mussen do fäerten. An op der anerer Säit awer och net déi Leit déi fëmmen total aus dem soziale Liewen ausgrenzen.
En attendant, dass de Minister säi Gesetz dann deposéiert, kënnt elo direkt awer emol de Label fir déi 2 Bistroe respektiv, déi, déi scho méi laang dampfräi sinn.
MdB: Am Moment huet nach keen en, mä e gëtt an deenen nächsten Deeg, fir déi déi e wëllen, ausgeliwwert. Dat ass e klengen Autocollant, dee kloer mécht, dass et e Bistro non-fumeur ass.
Horesca seet sech net iwwerrascht
D'Horesca seet sech net zefridden mat der Aart a Weis wéi de Gesondheetsminister iwwert de Label kommunizéiert huet a seet sech och guer net doriwwer informéiert.
De Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo huet awer um Dënschdegmëtten um RTL Radio präziséiert dass dee Label keen Antitubakgesetz ersetzt.
D'Horesca bleift derbäi, dass de fräie Choix vum Patron am Bistro deen eenzege richtege Wee wier.
