De Buergermeeschter vun Arel wëll Lëtzebuerger ginn
RTL - 04.07.2012, 11:36 | Fir d'lescht aktualiséiert: 04.07.2012, 11:41 | 17 Commentaire(n)
De Raymond Biren, Buergermeeschter vun Arel, wëll Lëtzebuerger ginn. Dat sot hien der Zeitung "La Meuse".

Zejoert hu jo 219 Belsch d'Lëtzebuerger Nationalitéit iwwert de Recouvrement gefrot. Dem Raymond Biren seng Groussmamm war den éischte Januar 1900 nach Lëtzebuergerin an domat erfëllt hien d'Konditiounen.
Eng offiziell Demande huet de Politiker awer nach net agereecht.


Äre Commentaire