Lucien Lux: Budgetsrapporter jo, Leopard-Conseil nee

RTL - 04.07.2012, 18:24 | Fir d'lescht aktualiséiert: 05.07.2012, 07:44 | 21 Commentaire(n)

Wéi erwaart ass den LSAP-Fraktiounschef Lucien Lux an der Finanz- a Budgetskommissioun vun der Chamber als Rapporter vum Budget 2013 genannt ginn.

Et ass Usus, dass d'Koalitiounsparteien ofwiesselnd déi Charge iwwerhuelen.

De Lucien Lux huet also d'Aufgab, d'Zuelen, déi de Finanzminister Luc Frieden am Hierscht virleet, z'analyséieren an ze kommentéieren. An dat gëtt eng demokratesch Ausernanersetzung, esou de Lucien Lux, wëll jo gewosst ass, dass d'Häre Lux a Frieden net ëmmer op enger Linn leien, wat d'Finanzen ugeet.

Breet Schëllere méi belaaschte wéi schmueler an déi kommend Generatiounen si fir den LSAP Fraktiounschef besonnesch wichteg nieft der Diversifikatioun vun der Economie.

Den designéierte Budgetsrapporter nennt déi nordesch Länner als gutt Beispiller, déi ganz uewe stinn, wat d'Kompetitivitéit ugeet.

An zwee Critèrë missten am Budget erfëllt ginn: Gerechtegkeet an Efficacitéit. Trotz Hëllefen a Steiermesurë wier d'Verdeelung nämlech net ëmmer gerecht. Zäite vu Rieden a Rapporte missten op allefalls eriwwer sinn.

De Rapporter weess also, wou en hi wëll, richteg schaffe kann en awer eréischt vun Uganks Oktober un, wann de Budget 2013 deposéiert ass.

 De Lucien Lux »



De Lucien Lux huet iwwregens nach eng Kéier präziséiert dass hien, och wéinst der viller Aarbecht, déi op de Budgetsrapporter duer kënnt, am Verwaltungsrot vu Leopard, der Gesellschaft déi hannert der Lëtzebuerger Velosequipe steet, ophält.

De Lucien Lux wollt sech net zu den Transfer-Rumeurë ronderëm d'Schleckbridder um Mikro äusseren.


Lucien Lux gett fir d'2.Kéier Budgetsrapporter (04.07.2012)
Den LSAP-Fraktiounschef setzt Prioritéit op sozial Gerechtegkeet an efficace Prozeduren


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!