Hëllef bei Rollinger-Prêt: Dementi vum Becca Porte Parole

RTL - 04.07.2012, 19:45 | Fir d'lescht aktualiséiert: 05.07.2012, 09:17 | 24 Commentaire(n)

Wickreng/Léiweng : De Porte Parole vum Flavio Becca dementéiert, dass den Här Becca dem Här Rollinger soll e Prêt bei der Spuerkeess arrangéiert hunn.

Déi Behaaptung wor e Mëttwoch gemaach ginn, ënner anerem vum DP Chef Claude Meisch, nodeems de Minister Claude Wiseler a säin héije Beamten Romain Diederich an d’Nohaltegkeetskommisisoun vun der Chamber woren, fir do den Deputéierten hir Froen an der Affär Wickreng/Léiweng ze äntwerten.

 De Carlo Rock, Porte Parole vum Flavio Becca »



D'Fraktioune vun DP an déi Gréng froen an engem Bréif un de Chamberpresident, datt och sollen de Generaldirekter vun der Spuerkeess, d'Ministesch Françoise Hetto an all d'Ministeren virstelleg ginn, déi bei enger Reunioun tëscht de Promoteuren an der Spuerkeess dobäi waren.

De Claude Wiseler huet herno säi Beamte verteidegt a gesot, deen hätt nëmme seng Aarbecht als Coordinateur gemat wéi e sollt. Quitte datt hien sech op eenzelne Punkte méi Distanz vum Beamte vis-à-vis vum Promteur Becca gewënscht hätt.

 De Claude Wiseler »



De Claude Meisch vun der DP sot, wann ee méi genee Informatioune krit, dann hätt een herno méi Froen wéi Äntwerten.


 De Claude Meisch »



De Gréngen Deputéierten Felix Braz wonnert sech iwwer dat, wat hien iwwer de Guy Rollinger gewuer ginn ass... deen hätt bei deem Prêt dach awer staark insistéiert.

 De Felix Braz »


D'Plainte, déi de Guy Rollinger scho viru Wochen, géint de Flavio Becca annoncéiert hat, ass iwwregens en Dënschdeg deposéiert ginn.

De Guy Rollinger reprochéiert dem Flavio Becca, deen hätt sech net u seng Engagementer gehal, wéi de Guy Rollinger vun der Regierung “fortement invitéiert” gouf säi Projet Wickreng opzeginn an zu Léiweng matzemaachen.


Affaire Wickreng/Léiweng: nei Froen ! (04.07.2012)
No der Reunioun haut mam héije Beamten aus dem Nohaltegkeetsministère huet d'Oppositioun elo méi Froe wéi Äntwerten.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!