Feier zu Nidderfeelen: Eng Persoun kënnt ëm d'Liewen

RTL - 07.07.2012, 20:49 | Fir d'lescht aktualiséiert: 07.07.2012, 20:58

Bei engem Feier an engem Haus zu Nidderfeelen an der rue de la Fail koum um Samschdegmëtteg eng Persoun ëm d'Liewen.

En Zeien huet géint 16h40 gemierkt dass Damp aus der Stuff vum Haus géif kommen an huet den 112 alarméiert.

Eng Persoun konnt aus der Schlofkummer gerett ginn. Si war awer an akuter Liewensgefor, an ass um Wee an d'Spidol verstuerwen.

D'Feier war séier geläscht. Wéi et zum Brand komme konnt, ass biswell nach net gewosst.

Op der Plaz war de Samu vun Ettelbréck, d'Pompjeeë vu Feelen, Ettelbréck an Dikrech, d'Police judiciaire an den Miess- an Erkennungsdéngscht.