D'Meteo an hir Kapriolen: Geckegt Abrëll-Wieder am Juli
RTL - 08.07.2012, 13:52 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.08.2012, 19:16 | 16 Commentaire(n)
D'Wieder weess definitiv net, wat et wëll: Blëtz an Donner mat décke Schliet an zolitte Wandstéiss an da rëm Sonn mat héijen Temperaturen a bloem Himmel.

Mol reent et kräftegt an et stiermt derbäi, kuerz drop kann dann awer nees d'Sonn schéngen an dat schéinste Wieder sinn. An dat kann dann awer och nees vun engen Ament op deen aneren e richtegt Wieder mat Blëtz an Donner platzen.

Esou war et um Sonndegmoien a -mëtteg op alle Fall mol Zentrum vum Land: E bësse vun allem huet ee gebuede kritt.
Plazeweis huet dat awer och Aarbecht fir zum Beispill d'Pompjeeë mat sech bruecht, well et zu lokalen Iwwerschwemmunge komm ass.

Esou wiesselhaft war d'Wieder iwwregens och ewell um Freidegowend, wou den Himmel sech op ville Plazen och net entscheede konnt, tëscht blo Sinn oder dem Transportéiere vun däischtergroe Wolleken ... mat am Idealfall engem faarwege Reebou dertëscht.
Virun allem géint der Owend huet déi niddreg Sonn fir vill schéin Ambiancen uechtert d'Land gesuergt, wat net nëmmen d'Häerz vun de Romantiker touchéiert dierft hunn. Esou huet also och dat variabelt Wieder seng schéi Säiten.
An dat dierft nach e bëssi sou bleiwen, well den RTL-Wiederfräsch seet, datt et an der neier Woch weider onbestänneg bleift.


Äre Commentaire