Renten-Kompensatiounsfong: De Rendement ass massiv erofgaang

RTL - 09.07.2012, 06:14 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.07.2012, 06:55 | 30 Commentaire(n)

De Renten-Kompensatiounsfong schléisst dat lescht Joer mat engem gemëschte Bilan of, wéinst ënner anerem de Schwieregkeeten op de Finanzmäert.

De Fong huet 2011 zwar mat engem klenge positive Rendement vun 0,84% ofgeschloss. Ma dat sinn awer 4,81% manner wéi d'Joer virdrun, an 3,8% manner wéi dat wat d'Investissementspolitik eigentlech virschreift. D'Nettoresultat ass vu 435 op just nach knapp 86 Milliounen Euro zeréckgaang, an zwar haaptsächlech wéinst dem moere Resultat bei de SICAVEN.

De Kompensatiounsfong hat Enn des Joers alles an allem Reserven an Héicht vun 11,3 Milliarden Euro. Mat dëse Sue kéinten déi jäerlech Pensiounsausgaben 3,7 mol ofgedeckt ginn.

Nodeems erauskomm ass, datt de Fong Pensiounssuen a Streebommen oder och d'Atomkraaftfirma Tepco a Japan investéiert hat, gouf d'Investitiounspolitik zejoert iwwerduecht. De Kompensatiounsfong schafft neierdéngs mat enger spezieller Gesellschaft zesummen déi kuckt, datt d'Suen no ekologeschen a soziale Kriterien investéiert ginn. 60 Betriber goufen doropshin aus dem Investiounskatalog gestrach, well se deem net entsprach hunn.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!