Accident op der A3: Camion géint Auto - 2 Blesséierter
RTL - 09.07.2012, 09:22 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.07.2012, 10:30
E Méindegmoie fréi koum et op der Diddelenger A3 zu engem Accident tëscht engem Camion an engem Auto, bei deem 2 Persoune blesséiert goufen.


Déi 2 Persounen aus dem Auto goufe blesséiert an hu mussen an d'Spidol bruecht ginn.
Op der Plaz waren d'Ambulanz an d'Pompjeeë vun Diddeleng, souwéi d'Police.
