2.699 Schüler hunn hir 1ère, respektiv 13ème gepackt!

RTL - 09.07.2012, 11:17 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.07.2012, 08:04 | 27 Commentaire(n)

79,6% vun de Schüler aus de klasseschen a 75,4% vun deenen aus den technesche Lycéeën hunn d’1ères-, respektiv d’13èmes-Exame vun dësem Joer gepackt.

© RTL
2.699 hunn domatten hiren Diplom an der Täsch, ma 566 anerer mussen nach emol am September fir d'Noexamen d'Bänken drécken.  Dogéint sinn awer och 256 Schüler aus all de Filièren duerchgefall.

Wann een sech déi eenzel Filièren awer méi genee ukuckt, gesäit een dat am Classique an an der Formatioun vum Techniker, den Taux de Reussite erop gaangen ass. Am Technique ass dësen allerdéngs liicht erof gaangen.

Um Niveau vun de Mentiounen ass och ze bemierken dat am Classique ganzer 38 Schüler hiren Exame mat der Mentioun "excellent" ofgeschloss hunn. Am Technique an an der Formatioun vum Techniker sinn et der all kéier 5.

Wéi d'Traditioun et da well, hunn d'Meedercher dann alt nees eng kéier besser Resultater erzu wéi d'Jongen.

Iwwregens hunn dëst Joer 1.633 Schüler aus dem Classique hiren Ofschlossexame geschriwwen. Am Technique waren et der 1.241 an an der Formatioun vum Techniker 674.


Resultater vun de 1ère an 13èmes Examen (28.06.2012)
Gepackt, Noexamen oder Duerchgefall ? Mat dëse Froe beschäftege sech dëser Deeg d’Primaner an d’Schüler vun de 13èmen, déi hier Examensresultater gewuer ginn.




Ofschlossexamen 2012 (09.07.2012)
2.699 Schüler vu Premiere an 13éme
hun hier Premiere gepackt
566 mussen an den Noexamen
256 sinn duerchgefall.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!