Vu Wickreng op Léiweng: Schwenk vu Regierung wërft Froen op
RTL - 09.07.2012, 11:28 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.07.2012, 08:06 | 23 Commentaire(n)
Chamber: An der Mëttelstandskommissioun huet d'Oppositioun sech gewonnert, firwat een ze grousse Projet géint nach méi ee Groussen "getosch" gouf.

D'Mëttelstandsministerin Françoise Hetto-Gaasch huet op den Deputéierten hir Froe geäntwert. Et goung ëm de Projet Wickreng, aus deem de Projet Léiweng ginn ass.
De Projet Wickreng hat jo am Ufank - trotz vill Kritik - eng Autorisatioun kritt, dono gouf dee Projet awer net méi poursuivéiert, dat zu Gonschte vu Léiweng, deen den Appui vun den Autoritéite kritt hat.
De liberale Claude Meisch huet sech gewonnert, well den Historique, dee presentéiert gouf, hätt nach eemol kloer gewisen, datt Wickreng kommerziell gesinn ewell ze grouss war an da géing d'Regierung higoen an 2009 e Projet aktiv begleeden an ënnerstëtzen, dee nach vill méi grouss wier a puncto Verkafsfläch ewéi Wickreng. Dat géif vill Froen opwerfen.
|
D'Françoise Hetto-Gaasch fir hiren Deel sot, et wier zwar anscheinend allgemeng geduecht ginn, datt d'Autorisatioun fir de Centre commercial zu Wickreng vum Guy Rolligner hätt kënne mat eriwwer op Léiweng geholl ginn. Aus der Siicht vum Mëttelstandsministère wier dat awer net esou. Do bréicht jiddwer Projet seng eegen Autorisatioun.
A fir Léiweng géif aktuell guer keng Autorisatiouns-Demande virleien. De Flavio Becca hätt déi zwar fir Enn Mee annoncéiert gehat, mä et wier näischt komm.
Affaire Wickreng/Léiweng: weider Froen! (09.07.2012)Haut w<r d'Mëttelstandsministesch an der Chamber fir Explicatiounen iwwert den Transfert vun Verkafsflächen ze ginn: Fazit vun déi gréng an DP ... |

Äre Commentaire