Hochzäit Guillaume a Stéphanie: Fräi Nuecht an der Stad

RTL - 09.07.2012, 17:51 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.12.2012, 15:47 | 26 Commentaire(n)

Stad: Caféen a Bistroe kënnen den 20. Oktober, um Dag vun der Hochzäit vum Ierfgroussherzog Guillaume an der Comtesse Stéphanie de Lannoy, bis 3h op sinn.

Dat am Kader vum Volleksfest, dat fir deen Dag organiséiert gëtt.

De Stater Gemengerot huet déi fräi Nuecht um Méindeg am fréien Owend ugeholl.

Ob et deen Dag Freedefeier gëtt, bleift nach ze klären, esou de Stater Buergermeeschter Xavier Bettel.

Wat awer geplangt ass, ass ee risegen Ecran op der Place Guillaume, also um Knuedler, wou d'Leit déi reliéis Zeremonie, déi niewendrun an der Kathedral ass, live suivéiere kënnen.

Maart deen Dag um Glacis?

Wat d'Organisatioun deen Dag selwer betrëfft: De Maart, dee normalerweis ëmmer samschdes um Knuedler ass, kéint den 20. Oktober ausnamsweis op de Glacis versat ginn. Esoubal do méi gewosst ass, setzt de Xavier Bettel sech mam Maartverband a Kontakt.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!