An der Stad: Projet Eco-Taxi ugeholl, Präisser falen

RTL - 09.07.2012, 19:36 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.07.2012, 19:47 | 16 Commentaire(n)

Stater Gemengerot: De Projet Eco-Taxien ass de Méindegowend unanime ugeholl ginn. D'Präisser falen ëm 20 Prozent.

Elo kënnen déi 150 Gefierer, déi an der Stad eng Autorisatioun hunn, dee Label ufroen an hir Autoen an Tariffer upassen.

Grondsätzlech ginn d'Präisser dann an Zukunft 20% méi bëlleg wéi den Ament. Déi eenzeg Supplementen, déi beim Präis géifen ufalen, sinn 10% an der Nuecht an 25% sonndes; et géing och kee Supplement méi fir Bagage gefrot.

D'Diskussioune mat der Taxisfederatioun haten am Januar ugefaangen, sinn awer virun e puer Woche mat engem Echec op en Enn gaangen.

Dozou sot de Xavier Bettel, dass seng Dieren nach ëmmer op sinn, fir d'Diskussioune mat der betraffener Federatioun nees opzehuelen.

De Stater Buergermeeschter wëll och schonn en Dënschdeg direkt eng Note un e puer Buergermeeschter vun de Nopeschgemenge schécken, fir esou schonn un eventuellen zukünftegen Zesummenaarbechten ze schaffen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!