Bierchem: Brutalen Iwwerfall an der Nuecht vum 5. - 6. Juli

RTL - 10.07.2012, 16:01 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.07.2012, 06:34

An der rue de la Montée zu Bierchem, ass eng Fra an der Nuecht vum 5. op de 6. Juli doheem brutal Iwwerfall ginn. D'Police sicht no Zeien.

Zwee Männer am Alter vu ronn 20 Joer si bei der Fra agebrach an hunn sech mat de gesamte Bijouen duerch d'bascht gemaach.

Wéi gesot, déi zwee Männer ware ronn 20 Joer al, grouss an hunn alle béid ganz schlecht Franséisch geschwat.

Wien eventuell Informatiounen huet, oder wiem eppes ongewéinleches an där Nuecht opgefall ass soll sech wéi gewinnt bei der Police um 113 mellen.