Donneschdeg, 02. September 2010

National News

Wahl-Plakaten iwwerpecht: Greenpeace ënnerstëtzt Polarbieren

RTL - 04.06.2009, 12:24 - Fir d'lescht aktualiséiert: 08.06.2009, 08:09

Teddy, Boby a Wendy: Esou nenne sech déi 3 "Polar-Bieren", déi d'Wahlplakater iwwerpecht hunn. Greenpeace ënnerstëtzt hi Aktioun an hir Fuerderungen.

Virun ongeféier 3 Woche goung et lass: Op enger Rëtsch Wahlplakater vun deene 5 grousse Parteien (CSV, LSAP, DP, Déi Gréng an ADR) waren op eemol kleng schwaarz-gréng Messagen opgepecht, mysteriéis Messagen, well ouni Auteur an ouni konkrete Message ...

"10% manner, dat geet net duer" war am Ufank do ze liesen. Dono "20% manner, allez nach e klengen effort", an zanter e Mëttwoch eng drëtt Botschaft oder vill méi Opfuerderung: "30% manner CO2, dat ass de Minimum. Dofir stëmmen ech".

Domat gouf dann och bestätegt, wat vun Ufank u geduecht gi war, ouni et kënnen ze beleeën: Bei de Message goung et ëm d'Erofsetze vun den CO2-Emissiounen.

An der Mëttesstonn vum Donneschdeg, 4. Juni gouf déi u sech illegal Pech-Aktioun dann och revendikéiert. An engem per Mail verschéckte Communiqué war ze liesen: "Cette action n'avait pas été revendiquée jusqu'aujourd'hui, alors que de nombreux soupçons planaient sur les auteurs. Nous vous informons par la présente qu'il s'agissait en réalité de Wendy,
Boby et moi-même [Teddy], les trois ours polaires débarqués au Luxembourg il y a 6 mois."

Weider heescht et am Schreiwes: Déi 3 Bieren hätten des lescht ewell eng Rëtsch Ministere getraff, hätten hir Revendicatiounen och schonn engem breede Public matgedeelt a virun de Wahlen hätte si dunn decidéiert, sech och direkt un d'Parteien ze riichten, fir datt déi d'Klimaerwiermung als serieux Menace fir de Planéit géngen eescht huelen ("afin de demander aux partis politiques de considérer le rechauffement climatique comme une menace sérieuse pour la planète").

D'Äis schmëlzt, d'Zäit leeft

Déi dräi Polarbieren, deenen hire Liewensraum duerch d'Schmelze vum "éiwegen Äis" akut bedroht ass, verlaangen eng Reduktioun ëm 30% vun den Dreiwhausgasen bis 2020, par rapport zum Joer 1990.

D'Klimakatastrophe hätt nämlech onkontrolléierbar Degaten zur Folleg, déi och net méi réckgängeg ze maache wieren - dëst fir eis Ëmwelt an eis Spezies, also de Polarbier ... an natierlech och de Mënsch.

Dofir: "il est urgent et indispensable que tout le monde s'engage dans la lutte pour la protection du climat et qu'ici au Luxembourg, le futur gouvernement prenne les mesures urgentes qui s'imposent."

Ënnerstëtzung vu Greenpeace ...

Wien dann elo genee hannert de Bieren steet oder an de Biere-Kostümer stécht, dat gëtt awer net am Communiqué verroden ... allerdéngs ass ronn 2 Stonnen nom Communiqué vun de Bieren e Communiqué vu Greenpeace verschéckt gi mam (net esou iwwerraschenden) Titel: "Op d'mannst 30% manner CO2 zu Lëtzebuerg, Greenpeace stëmmt dofir!"

D'Organisatioun Greenpeace, déi sech jo op Ufro vun de Medien net offiziell vun der Plakat-Aktioun distanzéiere wollt, ënnerstëtzt also d'Messagen op de Wahl-Affichen.

Et misst een nämlech d'Klimapolitik déifgräifend veränneren, wann een déi global Erwiermung ënner 2 Grad hale wéilt. Dat heescht: Bis 2020 30 Prozent manner CO2 wéi 1990 - wat dann och duerchaus ze maache wier: "Cet objectif est parfaitement réalisable par des mesures domestiques."

Allerdéngs wiere sech d'Parteien dem Eescht vun der Situatioun nach net bewosst, esou Greenpeace. De Greenpeace-Direkter Paul Delaunois seet sech enttäuscht, datt de Klimawiessel nach ëmmer net zu den Haaptprioritéite vun de Parteien zielt:

"Les partis politiques ne placent toujours pas la lutte contre le changement climatique parmi leurs priorités principales. Aucun d'entre eux ne donne l'impression d'avoir une réelle stratégie, ni une réelle ambition pour le Luxembourg en cette matière et bien que leurs programmes électoraux ont bien évolué depuis les dernières législatives, ils ne sont pas encore crédibles. C'est dramatique, c'est incompréhensible, c'est irresponsable et ce sera dommageable pour le Luxembourg. Op d'mannst 30% manner CO2 zu Lëtzebuerg? Greenpeace stëmmt dofir!."



Är Commentairen

Gidd w.e.g. Ären Numm an Är E-Mail-Adress un. Merci! D'E-Mail-Adress froe mir, fir Iech eng Confirmatioun ze schécken, wann Äre Commentaire online ass.
Duerch d'Fortschécke vun Ärem Commentaire acceptéiert Dir eis
Conditions d'utilisations fir d'Moderatioun vun eise Commentairen a Lieserbréiwer.

MODERÉIERT W.E.G. ÄREN TOUN: KENG FRECHHEETEN.
KENG ONGEPRÉIFTE "FAKTEN". KENG FALSCH IDENTITÉITEN. MERCI!
Numm:
E-Mail:
Text:

D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
2. Sep 18:19  BNP Real Estate: Taux de Vacance bei Bürosgebaier héich
2. Sep 16:16  Lokales: Auto a Gruef tëscht Garnech a Wandhaff, Mann voll
2. Sep 16:03  Vermësst zënter 25. August: Belo Simoes Abreu Luis Cesario
2. Sep 15:10  Tunnel Houwald: Aarbechte lafe wéi geplangt, sou P&Ch
2. Sep 12:19  SES-Astra: 3D-Tëlee mat manner techneschem Opwand
2. Sep 11:42  Integration durch Austausch: IdA Programm och zu Lëtzebuerg
2. Sep 11:29  Lokales: Déidlechen Accident en Donneschdeg op A1
2. Sep 11:25  Lokales: Automobilistin mat 151 amplaz 70 km/h ënnerwee
2. Sep 10:20  Iechternach/Manertchen: Auto mat Päerd zesummegestouss
2. Sep 08:01  Staatsbudget: Optakt vun de Beichtstullgespréicher
1. Sep 18:00  Lokales: Fra erstach bei Familljesträit zu Esch e Mëttwoch
2. Sep 07:58  Lokales: 3 Blesséierter bei Accident zu Bierchem/Béiweng
2. Sep 07:42  Lokales: D'Stater Pompjeeë waren direkt 3 mol am Asaz
1. Sep 16:28  Bilan Karschnatz: 20% Abousse am Verglach mat 2009
2. Sep 07:30  Wäiswampesch: Drénkwaasser gespaart den 2. September
31. Aug 18:54  Streck Briddel-Stroossen: Wéint Chantier 3 Deeg zou vum 2/9
1. Sep 17:54  Lokales: 4 Liicht Blesséierter bei Accident op A13
2. Sep 07:30  DGB: Däitsch Kritik u Lëtzebuerger Kannergeld-Mesure
1. Sep 13:46  Lokales: Zu Esch huet eng Spillplaz gebrannt
1. Sep 13:42  ADR: Neien Agrarzenter Jo, mä net egalwou an egalwéi!
1. Sep 13:42  Aarbechtsaccident zu Klierf: Fangerkëppchen ofgetrennt
1. Sep 13:41  D'Inflatioun ass am August op 2,2% zréckgaang
1. Sep 13:40  Lokales: Zu Iechternach ass an eng Gäertnerei agebrach ginn
1. Sep 13:16  De Robert Biever ass elo offiziel Procureur Général
1. Sep 12:00  Meteo: Den August war en extrem naasse Mount
1. Sep 12:00  Reform bei der Douane: Gewerkschaft nëmmen zum Deel averstan
1. Sep 13:20  driving.lu an habiter.lu elo och um Site vun RTL
1. Sep 11:13  Zeienopruff: Porsche geklaut zu Péiteng e Mëttwochmoien
1. Sep 09:06  D'ASTI warnt viru falsche Sue-Sammler déi ënnerwee sinn
1. Sep 08:20  Nei eenheetlech grenziwwerschreidend Tariffer op Buslinnen
31. Aug 22:58  Findel: Accident vun engem Privatfliger um Dënschdegowend
31. Aug 17:52  Accident tëscht Eiter a Bus: Schwanger Fra blesséiert
31. Aug 16:07  Ausweisung vu serbescher Famill offiziell confirméiert
31. Aug 15:00  Aarbechte vun der Sotel illegal, sou Greenpeace
31. Aug 13:21  Gratis Nohëllefscoursen vum CPOS fänken den 1. September un
31. Aug 12:58  Lokales: 2 Blesséierter bei 2 Accidenter um Dënschdegmoien
31. Aug 12:14  Iceland Express: Keng Vole méi vu Lëtzebuerg op New York
31. Aug 11:30  Virun 68 Joer: D'Lëtzebuerger soten de Nazien "Nee"
31. Aug 07:20  Bréissel: De Jean-Claude Juncker war beim Herman Van Rompuy
31. Aug 01:12  Lokales: Schwéieren Accident um Blvd. JFK um Kierchbierg
30. Aug 07:27  Stater Geschäftsverband: Gutt Braderie, net super wéi 2009
10. Aug 17:05  Pakistan brauch Hëllef: Spendenopriff zu Lëtzebuerg

Ëmfro »

Hutt Dir är Batterien iwwer d'Summervakanz konnten oplueden, fir d'Rentrée elo mat Energie kënnen z'attackéieren?
Op alle Fall!
Nee, ech brauch nach méi Vakanz!
Ech hat guer keng Vakanz...
Ech hu keng Meenung dozou.

Dëse Sondage entsprécht net de wëssenschaftleche Standarden. E representéiert just d'Meenung vun deene Leit, déi hei op RTL.LU geäntwert hunn.

RTL Shopping
BabyCenter
Babycenter