Marc Giorgetti ass am Fall Wickreng-Léiweng gehéiert ginn

RTL - 13.07.2012, 06:44 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.12.2012, 15:47

Wickreng-Léiweng: Och de Promoteur Marc Giorgetti ass am Kader vun der Enquête préliminaire gehéiert ginn.

Fir d'Enquete préliminaire wéinst méiglecher Erpressung an der Affär Wickreng-Léiweng gouf nieft de Regierungsmembere Juncker, Krecké an Halsdorf och de Promoteur Marc Giorgetti gehéiert. Dat hate méi Sourcen dem Radio 100,7 confirméiert. De Promoteur soll ee vun deene sinn, déi vum Guy Rollinger erzielt kruten de Grupp Rollinger wier vu Regierungsmemberen erpresst gi fir op de Projet vun engem Shopping Center zu Wickreng ze verzichten, dat zu Gonschte vum Flavio Becca sengem Projet Stadion an Akafszenter zu Léiweng. D'DP hat viru 5 Wochen gesot, de Guy Rollinger hätt viru méi Leit vun Erpressung geschwat. De Marc Giorgetti an de Flavio Becca si grouss Konkurrenten. Déi 2 hate viru Jore Sträit an der Bank CBP kritt. De CO-Aktionnär Flavio Becca huet seng Undeeler doropshi verkaf, de Marc Giorgetti net.

Conférence des présidents: En interessanten Exercice

D’Conférence des présidents vun der Chamber kënnt um Freideg de Moien um 9.30 Auer nach emol an der Affaire Wickreng/Léiweng beieneen. D'Chamber muss jo decidéiert op e Minister respektiv en Ex-Minister wéint Extorsioun soll ugeklot ginn oder net nodeems de Parquet seng enquête préliminaire ofgeschloss huet.

Duerfir wëllen d'Fraktiounspresidente sech um Freideg mam Procureur général Roby Biever prozedural an inhaltlech beroden, wéi et an der Affaire weidergoe soll. Deemno wat um Freideg erauskënnt, kéint d'Chamber ausnahmsweis d'nächst Woch nach emol fir eng extraordinär Sëtzung zesummekommen,

En Donneschdeg gouf jo confirméiert, datt d’Reprochen an der Haaptsaach op de fréiere Wirtschaftsminister Jeannot Krecké zielen. Et steet an der Saach awer Ausso géint Ausso.


Dossier klasséieren oder zeréck un d'Chamber ginn? (12.07.2012)
Dat ass déi Fro iwwert déi d'Chamber muss entscheeden, an zwar next Woch schonn an enger ausseruerdentlecher CGanbersitzung....




Wéini zielt d'Bankgeheimnis ? (12.07.2012)
Déi Fro ställt sech an der Affaire Wickréng-Léiweng. A wéi eng Rechter huet d'Chamber fir e Minister unzekloen?
D'Äntwerten vun engem Expert.