Eeschler-Bruch: Fatalen Accident fir jonkt Meedchen (16)
RTL - 13.07.2012, 10:55 | Fir d'lescht aktualiséiert: 13.07.2012, 16:24
Beidler-Buddelerbaach: Géint 10 Auer um Freidegmoie koum et op der Kräizung Eeschler-Bruch zu engem Accident, dat e Meedche vu 16 Joer net iwwerlieft huet.

Ee Camion, deen deen Ament aus Direktioun Buddelerbaach koum, krut den Auto frontal ze paken.
Fir d'Meedchen, dat um Bäifuerersëtz souz, koum all Hëllef ze spéit. Et ass nach op der Onglécksplaz u sengen uerge Blessure gestuerwen.

De Chauffeur vum Auto gouf schwéier blesséiert mam Rettungshelikopter an d'Spidol op Ettelbréck geflunn.
De Camionschauffer stoung ënnert Schock.

OP der Plaz waren d'Pompjeeën an d'Protex vu Jonglënster an d'Police vu Gréiwemaacher.

D'N14 huet musse fir eng Zäitche gespaart ginn.
D'Police mécht och ee Zeienopruff, fir Informatiounen iwwer den Accident ze kréien, bei der Police vu Gréiwemaacher an der Nummer 4997 7500.
