Wickreng/Léiweng: Ëffentlech Chambersëtzung en Dënschdeg
RTL - 13.07.2012, 11:55 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.12.2012, 15:47 | 41 Commentaire(n)
Wickreng/Léiweng: En Dënschdeg kënnt d'Chamber zesummen, fir ze decidéieren, ob eng Mise en accusation gemaach gëtt. Et dierft awer dergéint gestëmmt ginn.

Fir de Claude Meisch vun der DP an och fir déi aner 3 Fraktiounschefen ass eent ganz kloer, d'Verfassung op dësem Punkt, dee bis elo nach ni gespillt huet, muss geännert ginn.
Fir de Grénge Fraktiounschef François Bausch ass elo scho kloer, dass hie sech net zum Procureur maache léisst an also géint déi mise en accusation stëmmt, hie proposéiert senger Fraktioun dat och.
De Procureur General wollt der Press näischt soen.
En Dënschdeg de Mëtteg hunn zwar déi 60 Deputéiert d'Méiglechkeet iwwert déi mise en accusation of ze stëmmen, mä et dierft awer no den Aussoen keen Zweiwel dru bestoen: Des Affaire gëtt klasséiert.
Ee Méindeg kënnt de Procureur Générale nach eng Kéier zeréck an d'Conférence des Présidents: Da geet et ëm méiglech Verstéiss géint d'Bankgeheimnis. Do si jo den Inneminister Jean-Marie Halsdorf an de Generaldirekter vun der Spuerkeess de Jean-Claude Finck am Viséier.
Mosar: Nei Invitatioun fir de Spuerkeess-Generaldirekter
De Chamberpresident huet dem Direktiounscomité vun der Spuerkeess e Bréif geschriwwen, fir den Här Finck nach emol an d'parlamentaresch Finanzkommissioun z'invitéieren. D'Chamber ass der Meenung, dass de Generaldirekter vun enger Bank, déi dem Staat zu 100% gehéiert, sou enger Invitatioun muss nokommen, fir den Deputéierte Ried an Äntwert ze stoen.
De Laurent Mosar präziséiert, dass de Generaldirekter vun der Spuerkeess sech op d'Bankgeheimnis ka beruffe bei Froen, déi hien a Konflikt mam "Secret Bancaire" setzen.
An deem Sënn gouf de Jean-Claude Finck fir de nächsten Dënschdegmoien op de Krautmaart invitéiert.Mëttes decidéiert dann d'Chamber iwwert d'"mise en demeure".
De Promoteur Rollinger huet iwwregens dem Här Finck matgedeelt, dass hien seng Autorisatioun huet den Deputéierten alles ze soen, an also befreit ka schwätzen.
Wickreng/Léiweng: Affaire classée? (13.07.2012)Prozedur gesäit fir datt di 60 Deputéiert den nächsten Densdeg mussen d'Roll vum Procureur iwwerhuelen, eng Roll mat der si sech awer guer net wuel fillen... |

Äre Commentaire