Féiz: Feier an engem Restaurant am Supermarché Cora
RTL - 13.07.2012, 19:43 | Fir d'lescht aktualiséiert: 13.07.2012, 21:23
Décken Damp, awer keng Blesséiert zu Féiz: Um Freidegowend géint 19.15 Auer gouf et ee Feier an engem Restaurant vum Supermarché Cora.

De Restaurant ass quasi an de Supermarché integréiert, dofir hu musse vill Leit evakuéiert ginn.
An éischten Informatiounen hat et geheescht, d'Feier wier am Drinkshop vum Akafszenter ausgebrach an de Feieralarm wier net ugaangen.
Déi lokale Pompjeeën haten de Brand awer séier ënner Kontroll an et gouf och kee blesséiert.


