Männlech Läich a Camionnette gouf Affer vu Gewalt

RTL - 15.07.2012, 10:12 | Fir d'lescht aktualiséiert: 16.07.2012, 17:31

No der grujeleger Decouverte op der A13 vun enger männlecher Läich an enger Camionnette weess d'Police elo, datt d'Persoun Affer vu Gewalt gouf.

© Police

D'Police sicht och weider no Zeien am Zesummenhang mat der Läich, déi se um Sonndeg de Moie fréi op der Collectrice du Sud an enger wäisser Camionnette fonnt gouf.

Leit deenen d'Camionnette oder en däischteren Audi 80, allebéid a Frankräich immatrikuléiert, op der Collectrice du Sud opgefall ass, solle sech mellen. All Info ass fir den 113.

Déi wäiss Camionnette war an der Nuecht op e Sonndeg, tëscht 2.00 a 4.00 Auer moies op der Collectrice du Sud a Richtung Péiteng op der Pannespuer stoe gelooss ginn.

Bannen an der Camionnette gouf eng männlech Läich fonnt.