Innsbruck: Lëtzebuerger Student flücht virun der Police

RTL - 15.07.2012, 12:53 | Fir d'lescht aktualiséiert: 15.07.2012, 12:56

Police mécht Plainte: De leschten Donneschdeg scho wor ee Lëtzebuerger Student zu Innsbruck zimlech negativ opgefall.

Hie wor fir d'éischt virun der Police um Vëlo geflücht. Een Alkoholtest wor nämlech positiv ausgefall. Wéi d'Beamte säin Numm wollten notéieren huet sech dee jonke Mann vun 28 Joer ewech gemaach. No enger kuerzer Poursuite ass d'Police an engem Café op de Student gestouss. Hien huet ee vun de Beamten an de Bauch geschloen. De Lëtzebuerger Student gouf doropshi mat op de Policebüro geholl. Et erwaart hie lo eng Plainte.