Chamber: Keng Mise en Accusatioun an Affär Wickreng/Léiweng

RTL - 16.07.2012, 07:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.12.2012, 15:46 | 145 Commentaire(n)

Conférence des présidents: Et gëtt keng sougenannt "Mise en accusation" vun der Chamber géint de Jean-Marie Halsdorf an der Affär Wickreng/Léiweng.

D'Conférence des présidents hat de Procureur général an de Procureur geruff.  De Parquet huet de Volet, an deem ëm d’Bankgeheimnis geet, selwer klasséiert. De Minister huet der Justiz no net géint dee secret bancaire verstouss, wéi en de Spuerkeessendirekter ugeruff huet, fir Informatiounen iwwert e Prêt ze kréien. De Jean-Claude Finck ass jo fir en Dënschdeg de Moien nach emol vum Chamberpresident an d’Finanzkommissioun invitéiert ginn. Ob e wierklech kënnt, ass nach net gewosst. D’Invitatioun war bis ewell awer mol nach net refuséiert ginn.

En Dënschdeg befaasse sech d’Deputéiert am Plenum da just mam Volet “Extortioun”, also Erpressung, an deem et an éischter Linn ëm de Jeannot Krecké geet. Déi 4 Fraktiounspresidente reechen en Dënschdeg eng Resolutioun eran, an där se froen, datt de fréiere Wirtschaftsminister net vun den Deputéierten accuséiert gëtt. Hei steet et jo Ausso géint Ausso an de Procureur général Robert Biever hat duerchblécke gelooss, datt ähnlech Affairë vun der Justiz klasséiert géife ginn.

D'Sëtzung an der Chamber gëtt Live vu 14.30 Auer un op RTL.lu iwwerdroen.


D'Bankgeheimnis gouf net gebrach ! (16.07.2012)
Weder vum Jean-Marie halsdorf nach vum Direkter vun der Spuerkeess, dat ass d'Resultat vun der Enquête préliminaire.





Halsdorf: Ech war ni den Invité vum Flavio Becca


Den Inneminister Jean-Marie Halsdorf ass iwwerrascht iwwer den RTL-Reportage iwwer presuméiert Menacë vum Flavio Becca. Bis ewell wollt de Minister dësen Dossier aus Respekt vun den Institutiounen net ëffentlech kommentéieren, mä dëst wier elo net méi méiglech.

Zu kengem Ament wier de Jean-Marie Halsdorf den Invité vum Flavio Becca bei engem Footballmatch gewiescht. Hien huet och bei kengem anere sportlechen Evenement esou eng Invitatioun ugeholl. De Minister präziséiert, datt hien den Här Becca wuel bei esou Occasiounen iwwer de Wee gelaf ass, awer ouni säin Invité ze sinn.



Et wier och net méiglech ze wëssen, ob dës vun engem Rollinger-Mataarbechter zitéiert Ausso wierklech vum Flavio Becca gesot gouf.

Op alle Fall wier et eng diffamatoresch Ausso, déi aus enger Mëschung vun net verifizéierten Erklärungen a Rumeure géif bestoen, an esou op d'Existenz vun engem Korruptiouns-Mouer géif schléisse loossen.

Well d'Chamber an de Parquet nach mam Dossier befaasst sinn, well de Minister dës Affär
momentan net weider kommentéieren.

De viséierten RTL-Reportage

An der Affär Wickreng Léiweng leien d'Dossieren iwwer déi angeblech Erpressung vum Guy Rollinger duerch Regierungsmemberen elo an der Chamber,  eng Enquête préliminaire wéint der Violatioun vum Bankgeheimnis leeft.

An deenen Dossiere sollen et Elementer ginn, déi fir Korruptioun schwätzen, an do gëtt RTL-Informatiounen no mam Fanger op den Inneminister Jean-Marie Halsdorf gewisen.

An dat obwuel an der grousser Chamberdebatt iwwer Wickreng Léiweng alleguerten d'Ministeren ausgesot haten, et hätt kee sech op Korruptioun agelooss.

 AUDIO: De Reportage vum Nico Graf op RTL Radio Lëtzebuerg (16.7.12 - 7.30 Auer). »



Keng Korruptiouns-Indicen am Dossier?

An de Chamber-Dossiere verstoppe sech och esou Saachen. Déi Dossiere sinn der zwee, ee mat Annexen an een Haapt-Dossier. Et sinn Resuméë vun der Police judiciaire derbäi an Zäit-Tabellen. 

Vill Deputéiert hu schonn dra gekuckt. Och den CSV- Fraktiouns-Chef Marc Spautz. Dee sot en Donneschdeg an der Extortiouns-Affär giff Wuert géint Wuert stoen. Hale mer fest: keng Korruptiouns-Indicen am Dossier, seet de Marc Spautz.

Dee vläit e bëssen iwwerflächlech oder séier gelies huet, well am Haapt-Dossier ginn et déi verschidden Auditiounen, ugefaang mat där vu Leit vum Guy Rollinger. An do, op enger Auditiouns-Säit ënnen, gëtt dann e Rollinger-Mann zitéiert. Hie schwätzt iwwer e Prêt an iwwer de Flavio Becca am Kontext Wickreng a Léiweng an hie léisst de Flavio Becca dëst soen: "Ech hunn dem Halsdorf elo gesot,
wann en net eppes schafft, da geet e net méi mat op de Football..." Dat heescht: Do wëll een de Jean-Marie Halsdorf drécken, endlech eppes ze maachen, an engem Dossier ze schaffen, well soss gëtt hien net méi mat op de Football geholl. En heftegt Zitat. Bei all déi Rumeuren an Informatiounen déi circuléieren iwwer Logeplazen zu Paräis an zu Francorchamp an iwwer d'Auere kënnt och nach an engem Dossier eng Ausso iwwer Reesen op Football-Matcher derbäi.

Reaktioun vum Marc Spautz um Méindegmëtteg

De Marc Spautz betount, datt et sech hei net ëm eng perséinlech Meenung handelt, ma datt hien domatter d'Konklusioun vum Procureur General d'Etat paraphraséiert huet. De Procureur wier formell: Et wier keng Korruptioun an deem Dossier festzestellen an aus deem Grond ka Korruptioun net festgehale ginn.

Weider géif et nieft der Ausso Krecké géint Rollinger am Dossier nach zeg aner Aussoen, déi kloer géint aner Aussoe stoen. Dat géif am Debat public um Dënschdeg sécherlech och zur Sprooch kommen.

 AUDIO: Den Interview mam Marc Spautz »

 

D'Sëtzung an der Chamber gëtt Live vu 14.30 Auer un op RTL.lu iwwerdroen.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!