DP: Regierung kuckt méi no sech wéi nom Land

RTL - 16.07.2012, 18:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.07.2012, 06:21 | 13 Commentaire(n)

DP: D’Regierung kuckt méi no sech wéi nom Land. Wa se eppes mécht, sinn et nëmmen hallef Saachen an ëmmer méi Majoritéits-Politiker hunn d’Flemm.

Dat woren e puer vun den Aussoen op der DP hirer Pressekonferenz um Ofschloss vum parlamentaresche Joer.

Do ass méi dran", der DP hire bekannte Slogan gouf e puer mol widderholl. D’Regierung, sot den DP-Chef Claude Meisch, wär an engem "schrecklechen Zoustand". D'Regierung géif net reagéieren elo an der Kris.

Am Plaz vu positiven a laangfristege Mesuren huet d’Regierung dem Claude Meisch no "Minimalkompromësser" gemaach, déi de Problem net léisen: d’Rentereform, d’Sanéierung vun de Staatsfinanzen, d’Reform vun der Ofdreiwung, als Beispiller.

Den héije Chômage wär een Zeechen vun der Kris, an déi méi jonk Generatiounen géife sech zu Recht Suergen maachen ëm hir Zukunft. An och d'Politiker wéi de jonke Christophe Schiltz oder de Jeannot Krecké, ma och den Nicolas Schmit oder de François Biltgen hätten d'Flemm kritt mat hirer Plaz an der Politik.


Am Dossier Wickreng/Léiweng bleift der DP villes onbeäntwert. Fir wat ass deen Dossier esou wichteg? Et géif ëm de Rechtsstaat goen. Jiddweree misst d'nämmlecht behandelt ginn.

Um europäesche Plang, dann, huet de liberalen Europadeputéierte Charel Goerens gewarnt. Am Joer 5 vun der Kris wieren d'Cartouchen all verschoss. Et wier näischt méi an der Reserve. D’Politik zu Lëtzebuerg géif zu engem groussen Deel zu Bréissel bestëmmt, an dofir wär et wichteg, an Dossieren déi Lëtzebuerg besonnesch betreffen, wéi d’Finanztransaktiounssteier eng kloer Linn ze hunn.


DP-Bilan: Regierung huet keng Kraaft méi (16.07.2012)
D'CSV-LSAP Koalitioun ass zevill matt sech beschäftegt a kritt d'Land net aus der Kris eraus gezunn, mengen die Liberal.




Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!