Montebourg/Schneider: Politesch Allianz géint ArcelorMittal
RTL - 17.07.2012, 07:24 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.07.2012, 07:30
De franséische Industrieminister Arnaud Montebourg war e Méindeg beim Lëtzebuerger Wirtschaftsminister Etienne Schneider op Besuch.

Am Mëttelpunkt vun der Entrevue stoungen d'Zukunft vun den ArcelorMittal-Wierker an Europa, respektiv eng gemeinsam politesch Aktioun vu Frankräich, der Belsch a Lëtzebuerg géint d'Ofbau-Pläng vum Här Mittal.
Den neie franséischen Industrieminister wëll eng politesch Allianz géint d'Spuerprogrammer vun Arcelor Mittal opbauen.
Den neie franséischen Industrieminister wëll eng politesch Allianz géint d'Spuerprogrammer vun Arcelor Mittal opbauen.
|
Am Lëtzebuerger Wirtschaftsminister Etienne Schneider huet den Arnaud Montebourg och schonn een Alliéierte fonnt.
|
Politesch Allianz géint ArcelorMittal (16.07.2012)Den franzéische Indsutrieminister Arnauld Montebourg war haut beim Wirtschaftsminister Etienne Schneider. Ziel ass eng politesch Allianz géint d'Ofbau-Pläng. |
