Esch: Mann wollt bei d'Police ... a war dono bei der Police

RTL - 17.07.2012, 11:56 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.07.2012, 12:25

Esch: E Mann wollt vun der Police ee Bett kréien. Wéi déi refuséiert huet, huet de Mann eng Fënster vum Policewon ageschloen. Resultat: Arrest gebongt!

Um Méindegowend géint 23.45 Auer ass um Policebüro am Escher Boulevard Kennedy e Mann opgedaucht, deen iwwert d'Spriechanlag (Interphone) gefrot huet, ob d'Police him net kéint e Bett zur Verfügung stellen.

Wéi déi him erkläert huet, datt si hien net ënnerbrénge kinnt, ass de Mann hannescht op den Trëttoir gaangen an huet mat enger Eisestaang eng Säitefënster vum Policewon ageschloen.

Doropshi gouf de Mann an de Policebüro bruecht.

Well e gedronk hat an, wéi d'Police schreift, eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, ass en an Arrest komm - mam Seege vun enger Doktesch.