Statec: Liewenserwaardung zu Lëtzebuerg läit bei 80,8 Joer

RTL - 17.07.2012, 12:01 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.07.2012, 12:25 | 26 Commentaire(n)

D'Leit ginn ëmmer méi al. Dem Statec no ginn d'Fraen zu Lëtzebuerg mat 83,5 Joer am Duerchschnëtt méi al wéi d'Männer, déi an der Moyenne 77,9 Joer kréien.

Den Zuele vum Statec no loung d'Liewenserwaardung zu Lëtzebuerg 2010 bei 80,80 Joer.

Zanter 2001 ass d'Liewenserwaardung deemno ëm 3 Joer erop gaangen, ëm 20 Joer par Rapport zu den 30er Joren an iwwer 30 Joer am Verglach mam Ufank vum 20. Joerhonnert.

D'Männer zu Lëtzebuerg kënnen der Statistik no domatter rechnen bis zum Alter vu 64,5 Joer bei gudder Gesondheet ze liewen, dat wieren dann 83 Prozent vun hirer Liewen, wou se ouni gréisser gesondheetlech Problemer liewen. Bei de Fraen läit deen Alter, wou normalerweis d'Gesondheet net méi esou gutt matmécht bei 66 Joer, also 79 Prozent vum Liewen.


 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!