Wickreng-Léiweng: D'Chamber mécht den Dossier zou!

RTL - 17.07.2012, 14:23 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.12.2012, 15:46 | 52 Commentaire(n)

Chamber iwwer Wickreng-Léiweng: Keng Mise en accusation (55 géint 4), keng Enquêtekommissioun (43 géint 17) a kee Renvoi u Cour supérieure (55 géint 4).

Eng Iwwerraschung war et net: D’Chamber huet um Dënschdeg mat grousser Majoritéit an der Affaire Wickreng/Léiweng géint eng "Mise en accusation" géint de fréiere Wirtschaftsminister Jeannot Krecké gestëmmt. De fréiere Politiker krut jo Erpressung vum Guy Rollinger virgeworf. Déi deementspriechend Resolutioun vun de 4 Fraktiounscheffen ass mat 55 Stëmmen géint 4 Nee-Stëmmen ugeholl ginn.© RTL

Et ass komm wéi erwaart: D’Chamber huet um Dënschdeg de Mëtteg keng juristesch Suitten an der Affaire Wickreng/Léiweng géint de fréiere Wirtschaftsminister Jeannot Krecké decidéiert. D’Resolutioun vun de 4 Fraktiounspresidenten, an där gefrot gouf, keng "Mise an accusation" ze decidéieren, ass mat 55 Jo- géint 4 Nee-Stëmmen ugeholl ginn.

Keng Gréng Luucht gouf et dogéint fir eng Enquêtekommissioun. D’DP, déi Gréng an och déi Lénk hate sech derfir staark gemaach, d’Affaire esou aus der juristescher Sakgaass erauszehuelen, fir weider enquêtéieren ze kënnen an ongekläerte Froen ze beäntweren. D'Majoritéitsparteien an d'ADR waren awer dogéint.

D’Alternativ demokratesch Reformpartei hat sech virdrun als eenzeg Partei derfir ausgeschwat, den Dossier un d’Cour supérieur de justice weiderzeginn. Souwäit kënnt et awer och net: 55 Nee- a just 4 Jo-Stëmmen.

Gedenken, opschaffen, zoumaachen ...

Am Ufank vun dëser aussergewéinlecher Chambersëtzung hunn d’Deputéiert dem verstuerwene fréieren Deputéierten a laangjärege Gewerkschaftler John Castegnaro geduecht.

Sechs Riedner haten sech ageschriwwen, fir um Dënschdegnomëtteg d'Wuert am Dossier Wickreng-Léiweng an an der Fro, ob eng Mise en accusation géint de fréiere Wirtschaftsminister Krecké gemaach soll ginn, z'ergräifen: Spautz (CSV), Meisch (DP), Bodry (LSAP), Bausch (Déi Gréng), Henckes (ADR) an Urbany (Déi Lénk).

D'Fraktiounen hunn all 15 Minutten Zäit gehat, fir ze schwätzen, déi 2 "sensibilités politiques" manner: 10 min fir d'ADR a 5 min fir déi Lénk.

Spautz: Konklusiounen ëffentlech maachen

Als éischte Riedner ass de Marc Spautz un d'Riednerpult gaangen. Hien huet eng Resolutioun ofginn, déi vun de 4 Fraktiounscheffe signéiert ass: Dora gouf festgehalen, datt een der Meenung wier, datt een den Dossier net an der Chamber poursuivéiere kinnt.

Dem CSV-Fraktiounspresident Marc Spautz no soll just d’Enquête préliminaire vum Parquet an der Police judiciaire un d’Ëffentlechkeet kommen. © RTL


De Marc Spautz huet vun engem absolut aussergewéinleche Virgank geschwat, deen d'Chamber virun eng enorm Responsabilitéit géing stellen, well een driwwer befanne misst, ob sech ee Regierungsmember strofbar gemaach huet.

De Marc Spautz ass och der Meenung, datt d'Chamber déi falsch Plaz ass, fir iwwert eng "Mise en accusation" ze befannen. Ma am Sënn vu gréisstméiglecher Transparenz ass d'CSV dofir, datt d'Konklusiounen aus dem Rapport vun der Enquête préliminaire vun der Police judiciaire ëffentlech gemaach ginn.

Virdrun hat de Marc Spautz betount, datt am Dossier keng Indicë wieren, déi op Erpressung oder Korruptioun schléisse loossen. An deem Punkt wieren d'Konklusioune glaskloer!

Meisch: Firwat keng Enquêtekommissioun?

De Claude Meisch huet a senger Interventioun bedauert, datt d'Majoritéit géint eng Chamberkommissioun gestëmmt huet.

D’DP an déi Gréng hunn argumentéiert, datt si mat hirer Decisioun kee wäisswäsche géifen. Et géifen nach vill Froen ze klären, déi am Kader vun der Enquête préliminaire net gestallt goufen, net gestallt konnte ginn.© RTL


Doduerch hätt een déi néideg Moyene kritt, déi engem méi Opklärung erlaabt hätten, ma elo wier am Dossier vun der Enquête préliminaire - an eng aner hätt et net ginn - net genuch dran, fir fir eng Mise en accusation ze stëmmen.

Bodry: Chamber mat Aufgab vu Parquet

Den Alex Bodry ass nach eemol kuerz op d'Faiten agaangen, déi derzou gefouert hunn, datt d'Chamber um Dënschdeg eng u sech juristesch Decisioun huele muss, well d'Verfassung dat esou virgesäit.

D'Chamber géing also an d'Roll vum Parquet schlüpfen, well een decidéiere misst, ob poursuivéiert gëtt oder net, ob eppes virun e Strofgeriicht kënnt oder net.

© RTL


Et misst een also préiwen, ob genuch Indizien do sinn, datt et zu enger strofrechtlecher Poursuite komme kann. Dat wier ee vun de Critèren, déi ze kucke sinn ... Genee wéi d'Verhältnisméissegkeet tëscht dem Opwand vun enger Poursuite, der Gravitéit vun de Faiten an der Kloerheet vun der Beweislag.

Dem Alex Bodry seng Konklusioun: Et sinn net genuch Elementer am Dossier, déi eng Mise en accusation géinge rechtfäerdegen.

Hien huet och dem Claude Meisch widdersprach, datt d'Chamber deene Geschiedegten hëllefe misst, zu hirem Recht ze kommen, well déi sougenannt Geschiedegt sech net selwer als Geschiedegt gesinn oder dowéinst Plainte gemaach hunn. Et kinnt also keng Rieds dovunner goen, engem zu sengem Recht ze hëllefen.

Den Alex Bodry huet dem Jeannot Krecké d'Partie gehalen, et wier haart verhandelt ginn, och mat Pressioun, awer déi legal Grenze wieren net iwwerschratt ginn. De Beweis: Och no der angeblecher Erpressung wier souguer nach e Vertrauensverhältnis do gewiescht, wéi z.B. Entrevuë géinge weisen.

Dofir sollt d'Chamber den Dossier klasséieren. An dat wier och keng privilegéiert Behandlung vun engem fréiere Minister.

Bausch: Tëscht Politik a Justiz trennen

De François Bausch huet virop ënnerstrach, datt déi politesch Instanzen net dofir do sinn, fir an engem penalen Dossier unzekloen. Dat wier d'Aufgab vun de juristeschen Autoritéiten.

© RTL


D'Parlament kinnt net op Grond vun engem Gesetz aus dem 19. Joerhonnert "Staatsanwalt" spillen ... wat virun engem Europäesche Geriichtshaff kaum bestoe kinnt, wéi och ee Jurist am "Wort" geschriwwen huet.

Et wéilt een also keen accuséieren, awer och kee wäisswäschen!

De François Bausch wënscht sech dann och, datt et um Dënschdeg fir d'lescht war, datt sech d'Chamber huet mussen eng Kap opdoen, déi hir net ass - dofir misst d'Land sech endlech eng modern Verfassung ginn.

Déi Gréng verlaangen awer nach eemol eng Enquêtekommissioun, dat wier gutt fir den Dossier z'analyséieren an et wier och gutt fir d'Credibilitéit vun der Politik.

Henckes: Einfach klasséieren notzt kengem

De Vertrieder vun der ADR, de Jacques-Yves Henckes, war och der Meenung, datt d'Justiz d'Heft misst an d'Hand huelen, et wier net un der Chamber. Dofir sollt sech d'Cour supérieure de justice dem Dossier unhuelen. Dat wier besser, wéi wann d'Chamber elo einfach decidéiert, den Dossier ze klasséieren. dat géing nämlech kengem notzen.

Just d’Adr war derfir, de Jeannot Krecké viru Geriicht ze huelen. De Jacques-Yves Henckes ass donieft mat neie Reproche komm, déi am Dossier stinn.© RTL


Kritik vum Jacques-Yves Henckes un der DP an un deene Gréngen, well si elo d'accord sinn, d'Saach sang- und klanglos falen ze loossen. An dat no esou graven Accusatiounen. "Dat léisst déif blécken", esou den ADR-Politiker, deen och bemierkt huet, datt bis elo weder Zeien opgedaucht sinn, nach Beweiser virgeluecht goufen.

Urbany: Indizie fir Drohkuliss

De Serge Urbany huet vun engem Pingpong-Spill geschwat, wou de Ball vun der Legislativ bei d'Judikativ géing hin an hier gespillt ginn. An dat Spill wéilten déi Lénk net matspillen.

© RTL


Hien huet op dat modernt Enquête-Recht verwisen, op dat een hätt kënnen zeréckgräifen, wat awer verworf gouf. Déi aktuell Prozedur huet hien dogéint als fir d'Chamber entwierdegend bezeechent.

Nëmmen duerch eng Enquêtekommissioun kinnten d'Hannergrënn vun der aktueller Affär opgekläert ginn, well déi kinnt och politesch enquêtéieren.

Aus Protest géint d'"Violatioun vun der Chamber" huet hien ugekënnegt, net um Vote deelzehuelen. Et sief, et géif awer zu enger Enquêtekommissioun kommen.

Weider Wuertmeldungen: Vu Roncalli bis Loftblos

Dono huet de Claude Meisch nach eemol d'Wuert ergraff an ënnert anerem betount, datt hien alles dat, wat en an deem Dossier gesot huet, nach eemol esou soe géif.

De Gast Gibéryen huet drun erënnert, datt et ewell 1999 eng ähnlech Fro gouf an der Chamber. Deemools hätte sech Politiker anescht verhal ... Den ADR-Politiker huet dann och erkläert, firwat d'ADR um Dënschdeg net méi fir eng Enquêtekommissioun ass, obschonn ee virun e puer Wochen nach dofir war. Ma et géing net goen, eng Resolutioun géint eng Mise en accusatioun ze signéieren an dann awer erëm hannenerëm eng Enquêtekommissioun ze froen. Dat war op déi Blo an op déi Gréng gemënzt.

D’Adr war als eenzeg Partei derfir, virun d’Cour supérieure de justice ze goen. © RTL


A weider sot de Gast Gibéryen: Den Zirkus Roncalli hätt seng Zelter opgebrach an och d'Häre Bausch a Meisch sollten elo mam Zirkus ophalen.

Replik vum François Bausch: 1999 wier eng falsch Decisioun geholl ginn an dat géif hien och zouginn. Wat den aktuelle Fall ugeet, wiere 70 bis 80 Prozent ee reng politesche Volet an dee misst een an enger Enquêtekommissioun kucken. A sollt sech ee penale Volet erausschielen, da géif een dee weiderginn. Dofir nach eemol d'Motioun fir eng Enquêtekommissioun.

De Marc Spautz huet fir d'CSV nach eemol d'Wuert ergraff a sech driwwer opgereegt, datt verschidde Leit grave Accusatiounen an de Kapp gehäit kruten.

De Claude Meisch huet gefrot, nach eemol ze kucken, wat hien an de François Bausch op hirer Pressekonferenz gesot hunn an och betount, datt keng Loftblos geplatzt ass an datt an de Medie bal all Dag nei Saachen op d'Tapéit kéimen. Dofir fir eng Enquêtekommissioun a géint eng Mise en accusation vum Jeannot Krecké.

Ofstëmmung: Chamber mécht Dossier zou!

Wat dat weidert Virgoen am Dossier Wickreng-Léiweng ugeet, huet d'Chamber dunn - via elektronesche Vote - decidéiert:

- 55 Stëmme waren derfir, keng Mise en accusation vum fréiere Wirtschaftsminister Jeannot Krecké ze maachen. 4 Stëmme waren dogéint, wollten also eng Mise en accusation.

- Op d'Fro no enger Enquêtekommissioun hunn 43 Deputéiert mat Nee a 17 mat Jo geäntwert. Et kënnt also wéi déi viregt Kéier net zu enger Enquêtekommissioun.

- An op d'Propos vun der ADR, den Dossier un d'Cour supérieure de justice ze schécken, hunn 55 Deputéiert mat Nee a 4 mat Jo geäntwert.

An anere Wierder: Fir d'Chamber ass den Dossier zou.

Den Dënschdeg waren iwwregens och de Premier Jean-Claude Juncker, de Sportminister Romain Schneider an d’Mëttelstandsministerin Françoise Hetto um Krautmaart. Kee vun deenen dräi krut allerdéngs eng Fro gestallt a keen huet eppes gesot.


Chamber klasséiert Enquête (17.07.2012)
Et kennt nët zu enger "mise en accusation" géint de Jeannot Krecké huet d'Chamber haut decidéiert.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!