DP an Déi Gréng: Fro u Premier wéint Privatvol vu Minister

RTL - 19.07.2012, 12:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.07.2012, 18:54 | 71 Commentaire(n)

DP an Déi Gréng: An enger parlamentarescher Fro wëlle si gär de Premier froen, wat hie vum Privatfluch vum Ex- Wirtschaftsminister den 10. Mäerz 2009 hält.

De Jeannot Krecké war deen Dag zesumme mam Promoteur Flavio Becca an engem Privatjet op Cannes op eng international Immobiliekonferenz geflunn. Den Ex-Minister hat dat zouginn a sech um Dënschdeg am RTL-Interview erkläert. Hei seng geschriwwen Ausso vum Donneschdegowend:

Ech war am Eurogroup méindes an hunn och Dënschdes missten am Ecofin sinn. Zugläich sollt ech owes zu Cannes an offizieller Missioun op eisem Stand sinn. De Vol mat der Luxair war zäitlech onméiglech an ech hunn e Mount am Viraus e Vol mat Easyjet vu Bréissel aus gebucht, 138 €. Den Depart war allerdéngs ganz fréi, sou dass ech hätt misste fréi aus dem Ecofin goen. E puer Deeg virun dem Depart sinn ech gewuer ginn, dass e Privatfliger mat Geschäftsleit géing méi spéit op Cannes fléien. Dobäi sollt de Flieger vun Antwerpen kommen, also nëmme 60 km vu Bréissel. Ech hunn doropshin gefrot fir matzefléien a mäin Deel derzou ze bezuelen. Mir hunn eis op de Präis vun engem Luxairticket gëenegt 665 €. Zu Cannes hunn ech mäin Taxi geholl an hat och en Hotel, dee mat kengem vun hinnen eppes ze doen hat. D'Rechnung ass wéi üblech vu mir bezuelt ginn ech krut op menger offizieller Frais de Routes-Opstellung de Montant erëmbezuelt.

De Jeannot Krecké wëll näischt vun ongesonder Proximitéit zu der Geschäftswelt wëssen a seet et wier alles transparent a bekannt gewiescht. Dat léisst de François Bausch vun déi Gréng awer net sou op sech berouen.

De Fraktiounspresident gesäit hei e groussen deontologesche Problem. D'Distanz tëscht dem Ministeramt an der Geschäftswelt géif mat Féiss getrëppelt. Ee Politiker soll onofhängeg sinn.

Dat dierft net sinn, Prinzipiell wier zwar näischt dergéint ze soen, wa Regierungsmemberen mat Privatfligere fléien, ënnersträicht den Oppositiounspolitiker weider, mä net zesumme mat engem Privatpromoteur. Dat géif et a kengem modernen demokratesche Staat ginn.

De François Bausch ass wéi gesot amgaang mam Claude Meisch eng parlamentaresch Fro fir de Staatsminister ze preparéieren. De gréngen Deputéierten geet dovunner aus, datt och de Jean-Claude Juncker dëse Virgang net gutt fanne kann.

An dësem Kontext widderhëlt de François Bausch, wéi wichteg et gewiescht wier, datt eng Enquêtekommissioun vun der Chamber den Dossier Wickreng/Léiweng hätt kënnen méi am Detail opschaffen, och um politeschen Niveau, fir dann och déi néideg politesch Konsequenzen ze zéien.

Brisant ass awer och nach deen heiten Detail. De Premier hat op Ufro vum Adr-Deputéierten Fernand Kartheiser am September 2010 schonn eng Lëscht vun 83 Säiten verëffentlecht op där alleguerten d'Deplacementer vu Regierungsmemberen mat Privatfligeren tëscht 2007 an 2010 genee opgelëscht sinn. Dem Jeannot Krecké seng Rees mam Flavio Becca op Cannes ass do awer net derbäi.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!